Radioen

On air

Spektrum  |  Zach Bryan - Sandpaper Feat. Bruce Springsteen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tëschent 2007 an 2023: 115 Milliarden Euro fir Immobilien an Terrainen

Logement

Tëschent 2007 an 2023: 115 Milliarden Euro fir Immobilien an Terrainen

Tëscht 2007 an 2023 gouf et hei am Land iwwer 243.000 Immobilien- an Terrains-Transaktiounen an der Héicht vun am Ganzen 115 Milliarden Euro. Dat geet aus enger Note vum Observatoire de l‘Habitat ervir.

auto_stories

1 min

De gréissten Deel – nämlech 70 Prozent – waren Haiser, grad ewéi schonn existéierend Appartementer an Appartementer, déi nach an der Constructioun sinn. Dësen Undeel wier dann och iwwert de genannten Zäitraum relativ stabel bliwwen, esou den Observatoire de l‘Habitat.

Bei den Appartementer, déi nach an der Constructioun sinn, wier allerdéngs zënter 2021 eng staark Baisse ze verzeechnen. D‘Transaktioune vun Terrainen hätten iwwerdeems ronn 15 Prozent ausgemaach. Büroen, Commercer an aner Gebaier hunn 11 Prozent ausgemaach.