Wann een u verschidde Prioritéite vun der schwaarz-bloer Regierung géing denken, da miss ee fäerten, datt och zu Lëtzebuerg déi konservativ Politiker vun der Mëtt sech bei de Kolleegen an Däitschland reegelméisseg inspiréiere géingen, "fir de rietsen Discours nozeplapperen an domadder och zu Lëtzebuerg salonsfäeg ze maachen", esou d'Wierder vun der Stéphanie Empain. Konkret nennt si d'Beispiller vum Heescheverbuet an "onmënschlech Praktiken" an der Migratiounspolitik.
"A wat awer all Analysen eis weisen, dat ass, datt et enorm wichteg ass, datt grad d'Parteie vun der Mëtt dat Spillche vun de Rietspopulisten net matspillen an hinnen net nom Mond schwätzen.”
Dofir misst een net nëmmen op d’ADR kucken, wann ee Richtung riets kuckt, mee och d’Regierungsparteien am A behalen, sou nach d’Parteipresidentin Stéphanie Empain.