De Marc Spautz huet a senger Ried gesot datt, "Verschiddenes him géif opstoussen." Esou zum Beispill, datt d’Fro vun der Sonndesaarbecht eenzel traitéiert gouf, an net an engem Pak zesumme mat der Reform vum Gesetz iwwer d’Kollektivverträg. Op allefalls ass hien dergéint, datt d’Sonndesaarbecht generaliséiert gëtt, esou ewéi d’Chamber des métiers dat an hirem Avis zum Gesetzprojet gefuerdert huet.
De Premier an och CSV-Parteipresident Luc Frieden huet sengersäits ënnerstrach, datt ee staarke Sozialstaat misst adaptéiert ginn. Dat misst am Aarbechtsrecht, mee och bei de Pensioune geschéien. Méi an den Detail ass de Luc Frieden zu de Pensiounen net gaangen. Grad ewéi d’Sozialministerin huet hie preziséiert, datt d’Regierung virum Summer konkret Moossnamen ëm d’Pensiounsreform géing presentéieren.
Déi international Situatioun huet awer och an de Rieden net gefeelt. Zu den Depensë fir d’Defense huet den Luc Frieden erkläert, datt dat net wäert iwwer eng Hausse vun de Steiere finanzéiert ginn.