Radioen

On air

Notturno  |  Super Sounds Namba - Who's Free

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ déi gréng: Der Regierung feelt de Kompass

Parlamentaresch Rentrée

déi gréng: Der Regierung feelt de Kompass

Fir d’Sam Tanson huet déi schwaarz-blo Regierung hiren Usproch, eng aner Politik ze maachen, voll erfëllt. Et wier awer eng Politik vu manner Häerz, wéi sech ënner anerem beim Heescheverbuet gewisen hätt, sot d’Deputéiert vun déi gréng bei där hirer parlamentarescher Rentrée.

auto_stories

1 min

Parlamentaresch Rentrée déi Gréng | © Eric Ewald
Foto: Eric Ewald

Déi Gréng hu vun engem kalen Ëmgank mat där Affär geschwat. Datt de Premier Luc Frieden bis elo net als Chef optriede géif, wier am Caritas-Dossier besonnesch flagrant, sou d’Sam Tanson.

"D’Caritas, wierklech e systemrelevanten Acteur an der Sozialaarbecht hei am Land: Fir d’éischt gëtt gesot, et gëtt keen Euro an d’Caritas méi bezuelt. De Premier zitt alles u sech a punkto Kommunikatioun, dann héiert ee quasi näischt méi vun der Regierung, dowéinst awer schrecklech Saachen um Terrain, a bei all Nofro gëtt dann un HUT oder un d’Caritas verwisen."

De Mëttwoch de Moie wier een du gewuer ginn, datt iwwer de Staat der Caritas iwwer e Prêt dann awer nach Sue soll ginn „datt awer nach Suen an d’Kooperatioun solle fléissen, datt och de Plaidoyer politique iergendwéi soll gerett ginn.“ 

Déi gréng begréissen dann och, datt d’Regierung elo Verantwortung iwwerhuelen a rette wéilt, wat nach ze retten ass. De Moie war et och de Rappell vun der Sam Tanson, datt een eng Aktualitéitsstonn an der Chamber zur Caritas ugefrot huet.

Zwee weider Punkte waren, datt bei der Pensiounsdiskussioun d’Jugend net dierft vergiess ginn, an et dierft net zu engem Stëllstand bei den Investitioune kommen.

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft