An deem éischten Debat huet de Petitionär Ardacan Keten fonnt, datt et Zäit wier ze handelen. An deem Sënn huet hien un de Finanzminister Gilles Roth an un d’Regierung appelléiert:
"Soyez le gouvernement qui, avec vision et audace, mène la voie vers une réforme fiscale équitable et adaptée à notre époque. Soyez le gouvernement qui, en écoutant la voix du peuple, aura créé un système fiscal qui reflète les valeurs de justice et d’égalité. Soyez le gouvernement qui inspire les pays voisins et qui trace la voie pour une Europe où la fiscalité est alignée sur les réalités actuelles, respectant la diversité des foyers et des parcours de vie. Soyez le gouvernement qui écrit un nouveau chapitre dans l’histoire de la justice fiscale.”
Zweet Petitioun fuerdert Ofschafe vun der Steierklass 1a
Am zweeten Debat huet d’Petitionärin Maria Ramirez Escano gemengt, datt d'Chancëgläichheet net compatibel wier mat engem Steiersystem, deen Ongerechtegkeete fërdert. Elengerzéiend Eltere géifen nämlech benodeelegt ginn:
"D’Liewenskäschte vu Persounen, déi en Haushalt mat Kanner ze droen hunn, si vill méi héich wéi d’Liewenskäschte vun engem Jonggesell. Mee leider ass d’Steierklass 1a ganz no un der Steierklass 1, zemools wann ee schonn e gewësse Revenu erreecht huet. De Steiersystem fërdert net nëmmen d'Ongerechtegkeet a verstéisst géint d’Rechter vun de Kanner, déi virum Gesetz jo all gläich solle stoen, mee en plus diskriminéiert en déi elengerzéiend Elteren.”
De Finanzminister Gilles Roth huet erkläert, datt hie fir 2025 d'Individualbesteierung, déi am Regierungsprogramm virgesinn ass, net hi krit. Bis Januar 2026 wéilt hien awer en entspriechende Projet op den Dësch leeën. Fir Januar 2025 huet hien iwwerdeems eng Steierentlaaschtung vun der Klass 1a annoncéiert, ouni déi ofzeschafen.