Radioen

On air

9 bis 1  |  Christine And The Queens - Tilted

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sandweiler Gemengerot: Punkt iwwer d'Virwërf vun FGFC gouf ausgesat

Virwërf vun Inkompetenz a Muechtmëssbrauch

Sandweiler Gemengerot: Punkt iwwer d'Virwërf vun FGFC gouf ausgesat

De Gemengerot vu Sandweiler sollt sech gëschter, Donneschdegowend, mat de rezente Virwërf vun der Gewerkschaft vum Gemengepersonal FGFC beschäftegen. Déi hat jo d'lescht Woch an engem Communiqué vun Inkompetenz a Muechtmëssbrauch an där Gemeng geschwat. Zu där Diskussioun koum et awer net.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Sandweiler Gemengerot vum 30.01.2025 | © Eric Ewald play_arrow
Sandweiler Gemengerot vum 30.01.2025 (Foto: Eric Ewald)

D’LSAP-Buergermeeschtesch Jacqueline Breuer hat déi Virwërf an enger Äntwert falsch an ierféierend genannt. D'Oppositioun vun CSV an déi gréng hat doropshi fir d'Gemengerotssëtzung vun Donneschdeg e Froekatalog opgestallt. 

Virun 9 Biergerinnen a Bierger huet d'Buergermeeschtesch dann direkt deklaréiert, datt de Schäfferot proposéiert dee Punkt auszesetzen. Et wier een amgaangen eng Stellungnam ze preparéieren.

"Esou ass dat eben an der Demokratie"

De Jean-Paul Roeder vun déi gréng huet dat net an der Rei fonnt. Hien huet vu schlechtem Goût geschwat, fir der Diskussioun auszewäichen an dee Punkt vum Ordre du jour ze huelen. "Domat ass et gedoen" seet d'LSAP-Buergermeeschtesch Jacqueline Breuer op d'Nofro vum Jean-Paul Roeder hin. 

Wouropshin d'Simone Massard-Stitz vun der CSV d'Positioun vum grénge Conseiller gedeelt huet a gemengt huet, dat géif eben deem entspriechen, wéi ee géif fonctionéieren. D'Äntwert vun der Buergermeeschtesch huet net op sech waarde gelooss. "Esou ass dat eben an der Demokratie."

D'Bierger:innen hunn et mat Laachen opgeholl. Doropshi koum et zum Vott, bei deem d'Majoritéit fir d'Verleeë vun deem Punkt war an d'Oppositioun dogéint.

Et géif ee sech fir ee gutt Aarbechtsklima asetzen

Ënner dem Punkt 12, de Froe vun de Conseilleren, huet de Jean Lemmer vun der CSV et nach emol probéiert, mat 11 Froen zu den FGFC-Reprochen: Hei war déi kuerz a knapp Äntwert vum Jacqueline Breuer vun der LSAP, et géif ee sech fir e gutt Aarbechtsklima asetzen.

No der Sëtzung sot sech de Jean-Paul Roeder vun déi gréng enttäuscht, wéi et gelaf ass. Fir hie wier de Schäfferot gutt berode Stellung ze huelen. Dat dote wier déi schlechtst Aart a Weis gewiescht fir sech erauszezéien.

Et kann een net allkéiers goen, och wann et schwéierfält

D'Stëmmung wier dacks esou, seet d'Simone Massard-Stitz vun der CSV. 

"Den Owend war nach eng Kéier den Top. Wann een net wëllt iwwer eppes diskutéieren, da gëtt een esou Äntwerten."

Genee wéi hire grénge Kolleeg hätt och si sech gefrot, ob een opstoen a senger Wee goe sollt. Et wier een awer vun de Bierger:inne gewielt, soudatt een net allkéiers opstoe kéint, och wann dat engem schwéierfale géif.

Lauschterenplay_arrow