Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat een iwwer Airsoftwaffe wësse sollt

No Virfall am Lycée Guillaume Kroll

Wat een iwwer Airsoftwaffe wësse sollt

Wat sinn Airsoft-Waffen? Déi Fro gouf sech zënter dem Tëschefall beim Lycée Guillaume Kroll zu Esch wuel méi dacks gestallt. Éischten Elementer vun der Enquête no soll ee Jong vu 14 Joer do wärend engem Sträit ëm en Handy mat engem 12-järege Meedchen op eemol eng Airsoftpistoul gezunn. 

auto_stories

2 min

headphones

5 min

© Adobe Stock / Mauro Rodrigues play_arrow
(Foto: Adobe Stock / Mauro Rodrigues)

De Rick Kolossow aus dem Waffegeschäft RCM-weapons zu Jonglënster erkläert, déi Waffe funktionéieren elektresch oder mat Gas.

Déi Waffen hu bis zu 7,5 Joule, also déi Energie, mat där d‘Kugel aus der Pistoul geschoss gëtt. D'Joule spillen eng Roll am Lëtzebuerger Waffegesetz. An deem geet nämlech net ausdrécklech rieds vun Airsoftwaffen, si falen awer an d‘Kategorie vun de sougenannten armes non à feu. 

Seuile vun 0,5 a 7,5 Joule

Et gëtt am Waffegesetz zwee Seuilen, erkläert de Luc Reding aus dem Justizministère. Eng Kéier 0,5 Joule an eng Kéier 7,5 Joule. Ënner 0,5 fält eng Waff net ënner d‘Waffegesetz. Bei engem Wäert tëschent 0,5 a 7,5 Joule ass et eng Waff, déi een awer dierf doheem hunn. Fir de Gebrauch vun enger Waff iwwer 7,5 Joule muss een dann ee Waffeschäin hunn. Awer och déi Waffen ënner 7,5 Joule, dierf een net am fräien hantéieren.

D'Gesetz gesäit Strofe vir déi vu 6 Méint an 3 Joer Prisong ginn, an eng Geldstrof vu bis zu 25.000 Euro. Well et sech am Fall vum Lycée Guillaume Kroll awer ëm ee Mannerjäregen handelt, ginn déi Strofen net ugewannt. 

Airsoftwaffen dierfen net u Mannerjäreger verkaf ginn

Och fir Waffenhändler ginn et Virschrëften: Si dierfen och Airsoftwaffen, fir déi ee kee Waffeschäi braucht, net u Mannerjäreger verkafen, erkläert de Rick Kolossow.

Mat enger Airsoft-Pistoul kann een am Prinzip keen ëmbréngen. Awer, deemno wou ee getraff gëtt, ganz seriö blesséiert ginn, wann d’Kugel een am A trëfft zum Beispill. Bei dem rezenten Tëschefall zu Esch ass glécklecherweis jo awer kengem eppes geschitt.

Lauschterenplay_arrow