Déi vill Fermeturen am Commerce, wieren op vill Aspekter zeréckzeféieren. Notamment och op déi immens héich Loyeren an de Leerstand, deen doduerch entsteet.
D'Gemeng hätt déi néideg finanziell Mëttel, fir dogéint virzegoen. Ënner anerem andeems se hiren Immobiliëpark an d‘Luucht géif setzen. Dat misst eng Prioritéit vun der Gemeng sinn, ass et awer net, esou de Gabriel Boisante. Dat Verspriechen aus der Walcampagne an aus der Déclaration échevinale wieren am Plan de financement pluriannuel net ze fannen.
Déi eenzeg Strategie déi déi aktuell CSV-DP Majoritéit hätt, fir dem klengen Eenzelhandel entgéint ze kommen, wiere Konzepter vu POP-UP-Storen, esou d’Maxime Miltgen vun de Stater Sozialisten. Dat wier allerdéngs alles anescht wéi eng laangfristeg Léisung.
Et misst d’ Zil sinn eng jonk dynamesch Stad bäizebehalen, déi awer duerch déi héich Loyeren net wierklech wiisst a nei Leit unzitt.