Radioen

On air

9 bis 1  |  Alfalfa - Head Under Water

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Protester uechter Däitschland virun ëmstriddenem Vott am Bundestag

Propos fir d'Verschäerfe vu Migratiounspolitik

Protester uechter Däitschland virun ëmstriddenem Vott am Bundestag

Den däitsche Bundestag soll haut iwwer eng Gesetzespropos vun den Uniounsparteie beroden. Déi gesäit eng Verschäerfung vun der Migratiounspolitik vir.

auto_stories

1 min

Virun der CDU Parteizentral hunn eng 6.000 Leit manifestéiert | © picture alliance / PIC ONE | Ben Kriemann
Virun der CDU Parteizentral hunn eng 6.000 Leit manifestéiert (Foto: picture alliance / PIC ONE | Ben Kriemann)

Anescht wéi e Mëttwoch geet et an deem Fall hei ëm ee Gesetz. E Mëttwoch gouf iwwer zwou Motioune gestëmmt, déi keen direkten Impakt hunn.

D'AfD, d'FDP an d'Bündnis Sarah Wagenknecht wëlle mat dofir stëmmen.

Uechter Däitschland si gëschter zéngdausende Leit géint déi Pläng op d'Strooss gaangen. Virun der CDU-Parteizentral waren eng 6.000 Leit, zu München 7.000. An zu Freiburg ënner anerem nach 11.000 Manifestanten. Dat sinn Zuelen, déi d'Police nennt.