Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Däitsche Bundestag: Vott iwwer zwou Motiounen zur Migratioun

Däitschland

Däitsche Bundestag: Vott iwwer zwou Motiounen zur Migratioun

Den däitsche Bundeskanzler Olaf Scholz schwätzt haut am Bundestag iwwer déi innepolitesch Lag an Däitschland. A senger Regierungserklärung, déi eng vu senge leschten als Kanzler kéint sinn, wäert et ëm d’Migratiounspolitik goen. Am Bundestag gëtt haut och iwwer zwou Motioune vun der CDU/CSU gestëmmt.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Bundestag | © picture alliance/dpa | Christoph Soeder play_arrow
Bundestag (Foto: picture alliance/dpa | Christoph Soeder)

An där enger Motioun geet et dorëms, Refugiéen un der däitscher Grenz ofzeweisen. An där Anerer dorëms, dauerhaft Grenzkontrollen un de Baussegrenzen anzeféieren.

Unioun hëlt Support vun AfD a Kaf

D‘Propose sinn d’Reaktioun vun CDU an CSU op déi déidlech Messerattack lescht Woch zu Aschaffenburg am Norde vu Bayern. E Mann aus Afghanistan hat an engem Park eng Crèche-Grupp attackéiert an zwee Mënschen, dorënner ee Kand vun zwee Joer, ëmbruecht. Den CDU-Kanzlerkandidat Friedrich Merz sot doropshin, d’Mooss wier voll. Seng Fraktioun géif Propose fir eng méi schaarf Migratiounspolitik maachen. Egal, wien dës géif matdroen.

Fir d’Regierungsparteien SPD a B90/Die Grünen ass kloer, wien domat gemengt ass: D’Unioun géif de Support vun der rietsradikaler AfD a Kaf huelen, sou d‘Reproche. D’AfD selwer huet matgedeelt, si géif de Propose vun der Unioun zoustëmmen.

Friedrich Merz säi Versprieche gebrach?

Kloer ass: Rechneresch kéint d’Unioun mat hiren eegenen Deputéierten an der Ënnerstëtzung vun FDP, AfD a BSW eng Majoritéit fir hir Motioune kréien. Ob besonnesch awer d’Bündnis Sahra Wagenknecht mat der Unioun stëmmt, ass nach oppen.

Wéi sech de Kanzler a senger Regierungserklärung wäert positionéieren? Een Indice dofir kéinten d’Aussoe vum SPD-Fraktiounschef Ralf Mützenich sinn. Deen huet dem Friedrich Merz gëschter um Dënschdeg virgeworf, op seng Integritéit wier kee Verlooss. Den CDU-Chef hätt viru Woche gesot, hie géif ni Propose maachen, bei deenen hien op d’AfD ugewise wier. Dat Verspriechen hätt hien elo scho gebrach. 

Lauschterenplay_arrow