Och d‘Ex-Bundeskanzlerin Angela Merkel kritiséiert d‘Virgoe vun der Unioun aus CDU an CSU. Et wier falsch gewiescht, an enger Ofstëmmung am Bundestag eng Majortéit mat de Stëmme vun der AfD ze erméiglechen, heescht et an enger Erklärung aus hirem Büro.
De Wirtschaftsminister Robert Habeck (B90/Grünen) erkläert, eng verschrëften Immigratiounspolitik hätt negativ Konsequenze fir de Wirtschaftsstanduert Däitschland. Eng Zesummenaarbecht mat der AfD wier e Sargnol fir déi däitsch Ekonomie.
Den SPD-Chef Lars Klingbeil huet vun engem desastréise Signal fir den Zesummenhalt an Europa geschwat. De Vott géif Europa vis à vis vun den USA an dem Präsident Donald Trump schwächen.