Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Leideleng: Ronn 30 Milliounen Euro fir den Duerfkär ze beliewen

Reamenagementsprojet

Leideleng: Ronn 30 Milliounen Euro fir den Duerfkär ze beliewen

Zu Leideleng soll nees méi Liewen an den Duerfkär kommen. Eng éischte Versioun vum Projet läit schonn um Dësch: Mat ronn 30 Milliounen Euro wëll d’Leidelenger Gemeng ënner anerem 39 abordabel Wunnengen, e Centre médical an ee klenge Supermarché. De Reamenagement soll de Bierger:innen den ëffentleche Raum erëm ginn, deen hinnen d’Autoen ewech geholl hunn, seet de Buergermeeschter.

auto_stories

2 min

headphones

4 min

© Pebia Urban play_arrow
(Foto: Pebia Urban)

No der Press, sinn um Mëttwoch Owend och d’Bierger:innen informéiert ginn, wat fir den Duerfkär ugeduecht ass.

Enn 2019 huet ee scho fir d’éischt vun engem Reamenagementsprojet zu Leideleng geschwat. 10 Joer drop soll et da sou wäit sinn: De Buergermeeschter Lou Linster huet virgestallt, wéi de Leidelenger Duerfkär vu Mëtt 2029 u soll ausgesinn.

"Häerzstéck vum Walverspriechen"

Dem Gemengen a Schäfferot hirt Wal-Motto "Eng lieweg Gemeng vir jiddereen" hätt ee mat deem heite Projet wëllen ëmsetzen. De Lou Linster erkläert, dee Projet wier "d‘Häerzstéck" vun deem Verspriechen.

"Mir wëllen eng Zon 20 am Leidlénger Duerfkär realiséieren, also eng sougenannten Zon shared space, wéi elo schonn eng Rëtsch Gemengen da gemaach hunn."

Bei engem Shared Space, wéi een et zu Bartreng oder Diddeleng fanne kann, gëtt sou vill wéi méiglech op Fuerbunnmarkéierungen oder Trottoire verzicht.

Autofuerer:innen a Foussgänger:innen op Aenhéicht

Op déi Aart e Weis géifen d‘Autofuerer:innen a Foussgänger:inne sech op Aenhéicht begéinen, erkläert de Stefan Jacobs vun Ernst and Partner.

"Dennoch gibt es vertikale Elemente, wie zum Beispiel Bäume, die man an markante Stellen setzt, die werden trotzdem eine gewisse Führung erzeugen."

Op der Place du Lavoir ass d’Konstruktioun vun engem neie Gebai virgesinn. Do sollen dann 39 abordabel Wunnengen, e Centre médical, eng Apdikt a weider Commercen dozou féieren, datt den Duerfkär belieft gëtt. Den Architekt Nico Steinmetz vun STDM erkläert.

"Mir hunn e Gebai, wat an enger U-Form ass, wat ganz ville Besoinen entsprécht. Déi eng ass, datt mer e grousse Rez-de-chaussée hunn, fir déi kommerziell a medezinesch Aktivitéite wierklech kënnen ze integréieren."

Awunner:inne weise sech optimistesch

Bei der Biergerversammlung konnten d’Bierger:innen dann hir Froe stellen. Hir Verbesserungsvirschléi a Froe konnte si opschreiwen an an eng Këscht geheien. Allgemeng weise sech d’Bierger:innen optimistesch.

Nodeems de Feedback vun de Bierger a Biergerinne wäit méiglechst matagebonne gouf, soll de Projet am Hierscht vun dësem Joer am Gemengerot gestëmmt ginn. 

Lauschterenplay_arrow