Zwou Fraen, déi ech bis dohinner net kannt hat, hu mech am Kontext vum President Trump senger Inthronisatioun beandrockt.
D’Bëschofin Mariann Edgar Budde hat déi ondankbar Aufgab, fir no der Eedesleeschtung vum Donald Trump an der Kathedral vu Washington eng Priedegt ze halen. Wéi si gehéiert huet, wat hien als éischt Amtshandlungen alles wëlles hätt, huet si un all déi geduecht, déi musse fäerten, ënnert där neier Regierung ausgewisen oder ausgeschloss ze ginn, a si huet hier stomm Fro gehéiert: "Seet da keen eppes?“ Si huet eppes gesot.
"Have mercy upon the people who are scared now"
Si huet bei hirer Priedegt de President direkt ugeschwat an ëm Gnod a Matleed fir all déi Leit gefrot, déi zu der LGTBQ+ Communautéit gehéieren, a fir all déi, déi ouni gëlteg Pobeieren d’amerikanesch Wirtschaft um Rullen halen. Si huet déi Wierder fonnt, déi een och an Europa deene kann entgéint halen, déi "Ausländer raus" jäizen.
Si sot, datt déi Leit, déi op de Felder oder an de Schluechthaiser schaffen, déi d‘Bürosgebaier botzen, engem Restaurant spullen oder d’Nuetsschichten an de Klinicke maachen, keng Kriminell sinn, och wa si net ëmmer déi noutwendeg Pobeieren hätten. Si huet de President gebieden, Flüchtlingen, déi aus Krichsgebitter oder wéint anerer grousser Nout an d’USA kommen, mat Matgefill a Generositéit ze empfänken.
“A radical left hard line Trump hater”
Dat war eng couragéiert Priedegt, déi stilistesch an inhaltlech haushéich iwwer dem President Trump senger Ried no der Eedesleeschtung war.
D’Reaktiounen hunn net laang op sech waarde gelooss. De Mike Collins, Deputéierten aus dem Georgia, huet fonnt, d’Madamm Budde misst och ausgewise ginn. Anerer - och Fraen - waren der Meenung, eng Fra als Bëschof hätt souwisou keng moralesch Autoritéit.
De President selwer huet Madamm Budde als inkompetent dohigestallt, hire Gottesdéngscht wier langweileg gewiescht, si wier eng lénk Trumphaasserin a si misst sech entschëllegen. Wat fir eng souverän Reaktioun.
Si awer denkt net drun, sech ze entschëllegen, nëmme well si Empathie fir Matmënsche gefrot huet.
"I don’t want to be part of rewriting history"
Déi aner Fra heescht Pamela Hemphill. Si ass haut 71 Joer al a war beim Stuerm op de Kapitol dobäi. Si ass zu 60 Deeg feste Prisong an dräi Joer mat Sursis verurteelt ginn. Dës Frist leeft nach. Si huet awer d’Begnodegung duerch den Donald Trump refuséiert, a riskéiert, déi dräi Joer mussen an de Prisong goen.
Awer si sot, déi Begnodegungswell wier e Schlag an d’Gesiicht vun der Police, déi versicht huet, de Kapitol ze verdeedegen. Dat, wat si deemools gemaach hätt, wier falsch gewiescht, a si géif dofir grued stoen.
Den Trump wier am Gaang, d’Geschicht ëmzeschreiwen, an eng illegal Aktioun als Heldendot dohinner ze stellen. Domat wéilt si näischt ze dinn hunn.
Dat sinn zwar nëmmen zwee kleng Hoffnungsschimmer an engem ëmmer méi däischteren Ëmfeld, awer ëmmerhin.