Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wanteraktioun: Eng selektiv Solidaritéit

Fräie Mikro

Wanteraktioun: Eng selektiv Solidaritéit

Gegrënnt 2001 fir ze verhënneren, datt an de kale Wanterméint Leit op der Strooss erfréieren, ass d’Wanteraktioun um Findel dëst Joer manner gaaschtfrëndlech ginn. Wien net op d'mannst zënter dräi Méint am Land ass, muss d’Struktur schonn no dräi Deeg verloossen. Eng aarmséileg Entscheedung, fënnt de Frank Wies a sengem Fräie Mikro.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: radio 100,7

Kee soll op der Strooss erfréieren. Mat deem Virsaz gouf 2001 fir d’éischt zu Lëtzebuerg déi sougenannte Wanteraktioun an d’Liewe geruff. Tëschent Enn November an ufanks Abrëll soll all Persoun fir d’Nuecht een Daach iwwer dem Kapp, e Bett an eng waarm Molzecht kréien.

Bis dëst Joer war den eenzege Krittär fir dovunner ze profitéieren, op der Strooss ze sinn. Also keng Wunneng, oder op d'mannst een Zëmmer zur Verfügung ze hunn.

Selwer schold?

Mat Krokodilstréinen an den Aen hunn déi politesch Verantwortlech am Oktober d’lescht Joer dunn annoncéiert, datt ee fir déi aktuell Campagne den Accès misst limitéieren.

Mam Argument, d'lescht Joer wieren esou vill Leit an d’Struktur um Findel koum, datt déi iwwerfëllt war. Eng Rëtsch Persoune wieren dobäi gewiescht, déi extra aus dem Ausland op Lëtzebuerg komm sinn, well se woussten, hei een Ënnerdaach ze kréien.

Obwuel hien dat Wuert net gären hätt, huet de Minister Hahn vum "sozialen Tourismus" geschwat. Woubäi, wann een e Wuert net gären huet, da benotzt een et net. Mécht een dat trotzdeem, da muss ee sech de Virworf gefale loossen, heimat an den Duktus vu Rietspopulisten ze falen.

Wat de Minister Hahn net gesot huet ass d’Tatsaach, datt hien net ganz onschëlleg dorun ass, wann d’Wanteraktioun dat lescht Joer vill méi Zoulaf hat. Et war hien, dee sengem Virgänger seng Decisioun bestätegt hat, verschidden Asyldemandeuren net méi direkt an eng Flüchtlingsstruktur ënnerzebréngen, fir si - esou laang wéi si op enger Waardelëscht stinn - op d’Wanteraktioun ze verweisen.

Dës Decisioun gouf an engem Fall vum Verwaltungsgeriicht als illegal erkläert. Si ass awer bis haut net zeréckgeholl ginn. Amplaz a Konformitéit zum Gesetz dofir ze suergen, datt all Persoun an enger Asylprozedur an den entspriechende Strukturen ënner Daach kënnt, gouf elo och den Zougang zur Wanteraktioun begrenzt.

Keng Kritik vun den Organisatiounen

No de Refugiéë ginn also och déi Obdachlos a Kategorien ënnerdeelt. Esou laang wéi d’Temperaturen net am Minusberäich leien, muss een noweisen, datt een op d'mannst zënter dräi Méint am Land ass. A fir de Beweis ze bréngen. sprangen d’Hëllefsorganisatiounen an. Wann eng vun hinne bestätegt, datt si déi betraffe Persoun schonn esou laang betreit, dann dierf déi bleiwen. Ass dat net de Fall, da muss si d’Struktur no dräi Deeg nees verloossen a soll och d’Land verloossen.

Et fält an deem Zesummenhang op, datt keng vun deene betraffenen Organisatiounen ëffentlech Kritik un dëser Moossnam geäussert huet.

Si schénge sech also net drun ze stéieren, datt si mat hëllefen een Tri ze maachen, an esou den eigentleche Sënn vun der Wanteraktioun – kee soll an der Keelt op der Strooss sinn – a Fro stellen.

Eng Solidaritéit, déi op reng mënschlechen Iwwerleeunge baséiert war, gëtt selektiv. Keen dierf fréieren, et sief dann et ziddert een net scho laang genuch op eise Stroossen.

An d’Zivilgesellschaft hëlt dat hin. Keng vun deenen dräi Organisatiounen, déi d’Wanteraktioun bedreiwen, wiert sech. Dat ass wuel de Präis, wann een als Déngschtleeschter fir de Staat virun allem vun ëffentleche Sue finanzéiert gëtt. An d’Hand, déi ee fiddert, soll ee bekanntlech net bäissen.

Lauschterenplay_arrow

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënnert der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.