D’Reporter:inne vun STRG_F hunn an engem Telegramm Grupp recherchéiert an deem User sech doriwwer ausgetosch hunn, mat wéi enge Mëttelen se hir Frëndinnen/Fraen/Schwëstere betäube kënnen an an deem sexuell Gewaltdote quasi live mat Foto- a Videomaterial dokumentéiert goufen.
Och hu User an dësem Grupp hir Frae fir sexuell Handlungen ënner Betäubung ugebueden, also grad wéi an der Affär Pélicot.
Wat geet an de Käpp vun deenen Täter vir?
Dat besonnesch Schrecklecht un der Affaire Pélicot an och un dësen Chatgruppen ass jo, datt se beweist, wéi banal Täterschaft ass a wéi verbreet a normaliséiert Vergewaltegungsfantasië sinn.
"Awer mäi Frënd/Mann ass kee Vergewalteger“, sote vill Fraen, nodeems d’Affär an hir Ausmoosse public gouf. Wouropshin d’Madame Pélicot sot, si wier och glécklech bestuet gewiescht an hätt de beschte Mann gehat, bis alles duerch een Zoufall eraus koum.
Och an deem am Dezember opgedeckten Telegram-Grupp ass d’Duebelliewe vun den Täter zentral. Glécklech Bezéiung am Dag, Ëmsetzung vu Vergewaltegungsfantasien an der Nuecht.
Wat geet an de Käpp vun deenen Täter vir? Wann ech meng Frënndinn vergewaltege wa si et matkritt, da kéint si mech verloossen. Ech wëll si awer halen. Oder da kéint si eng Plainte géint mech maachen an ech géif ganz villäicht an de Prisong kommen. Dofir vergewaltegen ech si, wa si bewosstlos ass. Oder ass et einfach de Wonsch déi sexuell Fantasie auszeliewen, mat enger Fra kënnen ze maachen, wat ech wëll, ouni datt si sech ka wieren oder et och nëmme matkritt.
Eng Fantasie vu Muecht, déi duerch d‘Pornoindustrie an duerch d’Gefill vu Kollektivitéit duerch esou Chatgruppe geschaf a befligelt gëtt, sou datt ech mech trauen eppes ëmzesetzen, wat ech mech soss net och nëmmen ze denke gewot hätt.
D’Fro no der Rehabilitatioun
Misogyn a sexistesch Astellunge sinn déif an eiser Gesellschaft verankert. Dat beweisen déi divers Chatgruppe mat hiren dausende User. Dat beweist d’Affär Pélicot mat der Diversitéit a der Banalitéit vun de verurteelten Täter.
An deem Kontext ass et selbstverständlech wichteg iwwer Preventioun ze schwätzen. Wéi eng Erzéiung a Bildung brauche mir, fir datt Jongen a Männer net méi op d’Iddi kommen, Meedercher a Frae wëllen ze vergewaltegen.
Méi interessant fannen ech haut awer d’Fro no der Rehabilitatioun. Wann ech eng Fra vergewaltegt hunn - egal ob si bei Bewosstsi war oder net - an ech hu kee schlecht Gewëssen a bereie just, datt ech erwëscht gi sinn a meng Affekotin mech net erausrappe konnt, wéi vill Hoffnung besteet dann, datt ech mech wäert ännere wärend menger Prisongsstrof, falls ech iwwerhaapt eng kréien? A wat bräicht et dofir? Ëmerzéiung? Kastratioun? Eng vill méi staark Reglementatioun vu Pornographie? Sozialen Drock vum Ëmfeld?
Duerch méi Fraerechter geet de Sexismus an de Käpp net automatesch fort. Sou laang sech just ännert, wat een ongestrooft däerf maachen oder wat een däerf haart soen, ouni, datt sech eppes un eisem Denken handelt, wäert sech eis Gesellschaft net wierklech zum Bessere veränneren.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënnert der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.