Am Joer 1952 publizéiert de Leo Strauss "Persecution and the Art of Writing". Dat am Kontext vun enger Welt, déi nach ëmmer gepräägt war vun den traumateschen Erfarunge vum Zweete Weltkrich an der oppressiver Natur vun totalitäre Regimmer wéi dem Naziregimm a Stalinismus. D’Gefor vu Verfollgung an Zensur war net nëmmen en historesche Phenomen, mee eng rezent Realitéit, déi d’Denker gezwongen huet, hir Iddien dacks ënnert engem Mantel vu Rhetorik oder anere Schrëfttechniken ze verstoppen.
Kontrovers Wouerechten
Dës Zäit war och déi vum Kale Krich, wou politesch a gesellschaftlech Spannungen d’Diskussiounen iwwer Fräiheet an Ideologien dominéiert hunn. A Gesellschaften, wou "fräi Meenung" e fundamentale Wäert war, gouf et nawell subtil Forme vu Repressioun, wéi zum Beispill de McCarthyism an den USA. Dem Strauss seng Iwwerleeunge versti sech als eng bedeitend Perspektiv op déi verschlësselt Manéier vun der Kommunikatioun a Gesellschaften, wou fräi Meenungsäusserung geféierlech ka sinn.
De Strauss huet mat dësem Wierk och eng nei Perspektiv op klassesch Philosophie geliwwert, andeems hien argumentéiert huet, datt vill Denker wéi Plato oder Hobbes esoteeresch geschriwwen hunn, fir sech selwer ze schützen a méi kontrovers Iddien un e klengt, initiéiert Publikum weiderzeginn.
Seng Theorie ass net just eng intellektuell Übung, mee eng direkt Erausfuerderung vun eiser Iddi vun Transparenz a Fräiheet. Wat, wann d’"Wourecht" sou kontrovers oder destabiliséierend ass, datt se net méi direkt ka gesot ginn? An nach méi provokant: Kann et sinn, datt d’"Oppenheet" vun eiser moderner demokratescher Rhetorik just eng nei Form vun engem verschleierten Dogma ass? De Strauss suggeréiert, datt d’Philosophen dacks méi mat hirem Silenz méi ausgesot hu wéi mat deem, wat se gesot hunn. Eng spannend, vläicht beonrouegend Theorie, déi och haut nach Relevanz huet.
D'Beispill vun der KI
An Europa, wou jiddereen esou fräi schwätzt, datt kee sech eens ass, gehéiert esoteeresch Kommunikatioun bal zum Standardrepertoire. Politiker verkafen exoteeresch Botschaften, déi nobel genuch kléngen, fir an d’Zeitung ze kommen. Esou zum Beispill: "Mir mussen zesummestoen", wärend se esoteeresch Diskussiounen hanner zouenen Diere féieren. Oder zum Beispill: "Wie bezilt hei eigentlech?".
E konkret Beispill: Kënschtlech Intelligenz (KI). Offiziell feiert Europa KI als d’Zukunft vun der Innovatioun a wëll sech als globale Leader positionéieren. Mee esoteeresch? Hei gesi mir eng nervös Diskussioun iwwer Dateschutz, Kontroll a wirtschaftlech Konkurrenz. Frankräich schwätzt iwwer ethesch Richtlinnen, wärend Däitschland sech freet, ob et eng Fabréck nach mat richtege Leit bedreiwe soll an däerf. Sou ass Lëtzebuerg, als Finanz- a Technologiehub, frou doriwwer, datt de Gros vun de Leit net genee versteet, wéi KI-baséiert Systemer an der Steieroptimiséierung agesat ginn.
Dës Systemer gi benotzt, fir komplex Steiermodeller nach méi effizient ze maachen. Beispillsweis erméiglecht KI, déi optimal Steierstrukture fir multinational Firmen a Sekonnen opzestellen, wärend se d’Legalitéit strikt respektéieren. Andeems Transaktioune vun engem Land an dat anert "onsiichtbar" verlagert ginn, kënnen international Konzerner hir Steierlaascht minimal halen, an dat dacks ouni datt dëst fir de Public evident ass. Dës esoteeresch Notzung vun der Technologie stäerkt Lëtzebuerg seng Positioun als Steieroas, wärend déi ëffentlech Rhetorik sech op "Innovatioun fir all" konzentréiert. Tatsächlech ass d’Ried iwwer KI als Bréck fir déi "digital Zukunft" méi e wirtschaftlechen Avantage wéi en altruisteschen Effort.
Mat "Blablabla" gefiddert ginn
Dëst gëtt besonnesch interessant, wann ee bedenkt, wéi Lëtzebuerg sech ëmmer als Innovatiounspionéier duerstellt. Dëst klengt gutt: "Mir investéiere massiv an Technologie fir eng besser Zukunft". Mee hanner dëser exoteerescher Fassad ginn esoteeresch Iwwerleeungen ugestallt: "Wéi kënne mir dës Systemer benotzen, fir eis Positioun als Steierparadäis ze stäerken?" Et ass e rouege Balanceakt tëschent nobelen Ziler a pragmatesche Virdeeler, déi net ëmmer evident fir de Public sinn. Wann e Politiker "Innovatioun" seet, kéint et esouguer einfach "manner Leit fir méi Output" heeschen. Hei beweegt sech Lëtzebuerg, wéi sou dacks, op der schmueler Linn tëschent Transparenz a wirtschaftlecher Effizienz.
D’Beispill vu KI weist och, wéi Europa als Ganzt mat änleche Spannunge kämpft. Wärend d’Kommissioun international Innovatiounen ënnerstëtzt, ginn et Memberstaaten, déi méi op national Kontroll a Limitatiounen insistéieren. "Déi grouss digital Zukunft" gëtt esou eppes wéi e Patchwork-Teppech vun eegene Reegelen, déi ëmmerhin ëffentlech als "gemeinsam Effort" verkaaft ginn.
Et ginn natierlech Gefore bei esou engem Modell. Wann Bierger d’Gefill kréien, just mam "Blabla"gefiddert ze ginn, dat spillt an d'Kaarte vum Populismus, nom Motto: "Mir brauche keng komplizéiert Rhetorik, just eng 'richteg' Léisung fir all Problem."
Wat ass d'Léier aus dem Strauss senger Theorie?
An esou gëtt aus politescher Raffiness eng Katastroph. Wéi heescht et sou schéin zu Lëtzebuerg: "Mir si kleng genuch, datt kengem eppes opgefall wier, wann ee Feeler mécht." Ma genee dat ass de Problem: Keen héiert dech, bis et ze spéit ass.
Europa riskéiert, sech an engem Labyrinth vu sengen eegene Rhetorik-Tricken ze verléieren. D’Léier aus dem Strauss senger Theorie? Fräiheet ass net just déi exoteeresch Fassade vun der Ried, méi och d'Méiglechkeet wéi och d’Erlabnis fir déi esoteeresch Realitéit auszeschwätzen. Wann dat net geschitt, erwaarde mir an Zukunft nach vill Verspriechen iwwert europäesch Eenheet. An nach e puer geheim Versammlungen iwwer "strategesch Interessen."