Op der Uklobänk sëtzen dann 8 Leit: Déi déi fréier héich Responsabel aus der Gendarmerie Aloyse Harpes, Charel Bourg, Armand Schockweiler, Pierre Reuland a Guy Stebens, den Ex-Member vun der Brigade mobile vun der Gendarmerie Marcel Weydert an déi fréier Enquêteure Paul Haan a Guillaume Büchler.
Prozess wéinst Falschaussoe viru Geriicht
Am Oktober zejoert war decidéiert ginn, datt si virun enger Chambre criminelle de Prozess gemaach kréichen, wéinst Falschaussoen am éischte Prozess, deen an de Joren 2013 an 2014 war.
Si musse sech Enn des Joers virun der 9. Chamber vum Stater Geriicht veräntweren. Déi fréier héich Responsabel aus der Gendarmerie an den Ex-Member vun der Brigade mobile ginn net wéinst de Bommenattentater selwer poursuivéiert, mee wéinst Falschausso, an och net wéinst Justizbehënnerung: Dëse leschten Uklopunkt war d’lescht Joer vun der Chambre du Conseil vun der Cour d’appel gekippt ginn.
D’Affär Bommeleeër an een éischte Prozss
Tëscht Mee 1984 an Abrëll 1986 war et, virum Hannergrond vum Kale Krich, zu 20 Attentater op Infrastrukturen an ëffentlech Gebaier hei am Land komm.
2013 hat en éischte Bommeleeër-Prozess géint déi zwee fréier Membere vun der Brigade mobile Marc Scheer a Jos Wilmes ugefaangen. Dee Prozess gouf awer no eppes méi wéi engem Joer op Äis geluecht, well et am Verlaf dovun zu widderspréchlechen Aussoe vun Zeie komm war, déi am zweete Prozess elo Ugeklote sinn.
Ob a wéini deen éischte Prozess weidergefouert gëtt, ass nach net gewosst an hänkt eventuell vun dësem zweete Prozess of.