De Positivitéitstaux ass am nämmlechten Zäitraum vu 25 op 23 Prozent gefall. Der Santé no géifen dës Zuelen, déi haut publizéiert goufen, weisen, datt de Pic vun Infektiounen iwwerschratt wier.
An de leschte Woche war och d‘Viruskonzentratioun am Ofwaasser permanent erop gaangen. Am meeschte verbreet ass d‘Variant EG5.1
Wat d‘Grippeinfektiounen ugeet sou goufen an der Woch vum 9. op de 15. Oktober just véier Fäll gezielt. Dat ass ee manner wéi déi Woch virdrun.