D’Taina Bofferding huet am 100,7-Interview betount, datt d’Recht op kierperlech Selbstbestëmmung weider misst gefestegt, an d’Recht op Ofdreiwung am Idealfall an der Verfassung verankert ginn. Verschidde Frae géifen eréischt no 12 Woche mierken, datt se schwanger sinn. Verschidde schwéier Krankheete kéinten och eréischt no deem Delai detektéiert ginn a finalement wier et och eng Upassung un aner Delaien am Ausland. Dat sinn d’Argumenter vun de Femmes socialistes.
D'Prekaritéit vun de Frae gëtt mëssuecht
D’Taina Bofferding betount, een awer och kee Problem hätt, beim Delai nach eropzegoen. Wichteg wier, datt et kloer ass, datt och Fraen dat Recht hunn. Dozou géing och gehéieren, den Délit d'entrave an de Code pénale anzeschreiwen. Et sollt een net dru gehënnert ginn, wann een dat gäre wéilt maachen.
"Well dat ass och eng Entwécklung, déi mir am Ausland gesinn. Mir gesinn elo an Italien, wou ënnert der neier Regierung Ofdreiwungsgéigner Accès zu de Berodungsstellen hunn, wat ganz dramatesch ass, wou dann herno déi Fraen, déi schonn an enger gewëssener Prekaritéit, an enger Détresse sinn, wou dann och op déi agewierkt gëtt, wou déi hinner influencéiert ginn."
Genau dat dierft zu Lëtzebuerg net virkommen, esou d'Taina Bofferding. Dofir misst ee legislativ Ännerunge virhuelen.