Fir d’Doktesch Marie-Paule Molitor Peffer war kloer: Kee brauch sech ze schumme fir Froen ze stellen, och wa se engem penibel virkommen, well “Sexualitéit ass ee feste Bestanddeel vum mënschleche Liewen a vun der Gesondheet vu jidderengem”.
Haut den Owend ass am Stater City Musée eng Konferenz iwwer d’Fraendoktesch a Matgrënnerin vum Planning familial, déi 1999 verstuerwen ass.
"Sex virum Marriage ass normal"
“Fir munch Leit zum Beispill ass nëmmen de Verkéier am Mariage normal. Wann si dat esou fir sech ausgemaach hunn, dann ass dat och fir si normal. Mee et kann een trotzdeem net derlaanscht kommen, fir festzestellen, datt méi a méi jonk Leit Verkéier an hirer Partnerschaft hunn, och virum Mariage, an dëst als normal Konsequenz vun hirer Léift an Zouneigung ugesinn. An dat ass dann och fir si normal. Hei mengen ech ass et immens wichteg, datt een d'Toleranz ee vis-à-vis vun deem Aneren huet.”
47 Joer ass et hier, datt si dat an enger Opnam gesot huet. Deemools, 1979, huet d'Dokter Marie-Paule Molitor Peffer ugefaangen, nieft hirer Aktivitéit an der Praxis och an der RTL-Emissioun mam Numm "Léift a Partnerschaft" matzewierken.
Et war eng Opklärungssendung, déi diffuséiert um Sonndegowend eng Emissioun sollt sinn, déi iwwer den “techneschen Knowhow” sollt erausgoen. Et ass och ëm Bezéiunge gaangen, ëm d'Rolleverdeelung an der Koppe., Theeme wéi Kannererzéiung sinn opgegraff ginn.
Zäertlechkeet genee esou wichteg wéi en Orgasmus
“Et hu ganz vill Leit eran telefonéiert, fir ze soen, et sollt een dach de jonke Meedercher an de Frae soen, si solle keen Autostopp maachen. Ech mengen dat ass effektiv eng Virsiichtsmoossnam, déi een hinne ka soen un d’Häerz leeën an der jëtzeger Situatioun, mee ech fannen awer wann eng Fra Autostopp mécht, dann heescht dat net, dass se dofir hire Kierper dem Chauffer zur Verfügung stellt (...) Et ass net nëmmen d'Sexualitéit vum Kand, déi zielt, mee grad esou déi vu sengen Elteren. Wéi fuere se mateneen? Verstinn se sech gutt? (...) Datt Geschlechtsverkéier net alles ass. Mee dass Zäertlechkeetsaustausch mindestens grad esou wichteg ass wéi e gutt rejustéierten Orgasmus.”
Ee Virbild fir d’Historikerin Anne Schaaf
D'Historikerin Anne Schaaf kéint, vum Alter hier, der Dokter Molitor Peffer hir Enkelin sinn. Si huet sech an hirer Masteraarbecht op der Uni am Detail mat der Matgrënnerin a laangjäreger Presidentin vum Planning familial auserneegesat. Eng Fra, iwwer déi si uganks eigentlech net vill wousst.
“A wou ech dunn ugefaangen hunn ze recherchéieren, hunn ech gemierkt: Wow, do ass der e risegt Virbild fir u sech vill Fraen zu Lëtzebuerg total entgaangen an dunn huet eng Rees ugefaangen.”
D'Rees féiert an d'Anne Schaaf natierlech ënner anerem och bei d'Radiosemissiounen, déi d'Dr. Molitor mat konzipéiert huet. Si schwätzt awer och mat Zäitzeien, dorënner medezineschem Personal an och Patientinnen, fir déi de Rendez-vous bei hirer Fraendoktesch méi war wéi just ee reng medezineschen.
“Si huet duerchaus och Mënsche mat begleet, déi wollten e Kand kréien an esou weider. Mee si sot eeben, et geet hier net nëmmen dorëm. Immens vill Leit verbanne just déi Sujete mat Gynekologie, mee d'Gynekologie geet vill méi wäit. Gynekologie ass och mat Mënschen zesummen üben, wéi drécken ech d'Besoinen aus, et ass Ängschten ofbauen, et ass iwwer Schwieregkeete schwätzen an de Leit weisen hei, du däerfs driwwer schwätzen, du däerfs der Hëllef huelen.”
Tabue gebrach
D'Dr. Molitor huet Tabue gebrach. Dat ass ee Saz, deen een ëmmer erëm an Artikelen iwwer d'Fraendoktesch begéint. Si huet sech de Mond net verbidde gelooss, esou dréckt d'Historikerin Anne Schaf et aus. An dat war wuel net selbstverständlech, well et gouf - dat iwwerrascht kaum - zolidd Oppositioun, virop aus konservative Kreesser.
“Datt si eeben dat Schwätzen iwwer Sexualitéit normaliséiert huet. An et muss een do ëmmer erëm dobäi soen, si ass a schlëmm Konflikter gerode mat aneren Organisatiounen, déi do villäicht och reng vun der Glawensrichtung hier e bëssen en aneren Toun an hirer Opklärung haten.“
Net nëmmen Dokteschen, mee och Patientinne gepräägt
Haut steet den Numm Dr. Molitor-Peffer op Stroosseschëlder uechtert d'Land an d'Anne Schaaf ass iwwerzeegt, d'Dr. Molitor Peffer hei am Land eng Pionéierin war, déi Spueren hannerlooss huet.
“Ech kennen aktuell Leit, déi studéieren eebe Gynekologie a si soen, immens oft feelt deen affektiven Deel, et feelt immens oft, ausserhalb dovunner, datt s de medezinesch Saachen duerchzitts, datt s de wierklech léiers, wéi s du bei verschiddene Schwieregkeete mat de Leit eebe schwätz. A si huet jo gewisen, datt dat mat do zougehéiert. An ech denken, datt si dofir esouwuel Generatioune vu Gynekologen a Gynekologinnen zu Lëtzebuerg gepräägt huet. Mee si huet eeben och, ech nenne se déi Hilfesuchend, also d'Clienten, d'Patientinnen, déi do erakomm sinn, huet si och mat gepräägt.”
D'Konferenz vun den Owend iwwer d'Dokter Molitor Peffer ass am Kader vun der Ausstellung iwwer d'Menstruatioun am Luxembourg City Museum. Plaze ginn et keng méi.
Wie sech fir d’Biographie vun der Dr Molitor-Peffer intresséiert, dee ka sech der Josiane Kartheiser hiert Buch “Dr. Marie-Paule Molitor-Peffer und ihr Lebenswerk” ukucken.