Et goufen eng 970 Milliounen Euro un Hëllefen zeréckbezuelt, esou datt een Netto bei 2,7 Milliarde lant. Dovunner ware 566 Milliounen Euro fir déi direkt medezinesch Bekämpfung vun der Pandemie.
Den Ukrainkrich huet de Staat iwwerdeems 2,9 Milliarden Euro kascht. Suen, déi ausgi goufen, fir de Leit bei den Energiekäschten ënner d'Äerm ze gräifen. Dovunner goufen och 246 Milliounen Euro fir militäresch Hëllefe gebraucht.