Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Little Simz - Woman Feat. Cleo Sol

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No Kriibserkrankung: De schwéiere Wee zeréck op d'Aarbecht

Weltdag géint de Kriibs

No Kriibserkrankung: De schwéiere Wee zeréck op d'Aarbecht

Haut ass de Weltdag géint de Kriibs. Et sinn och ëmmer méi Jonker, respektiv Leit an aarbechtsfäegen Alter, déi vun dëser Krankheet betraff sinn. D‘Fondation Cancer setzt dofir dëst Joer hire Schwéierpunkt op de Retour op d‘Aarbecht. Ee schwierege Moment, fir déi Betraffen.

auto_stories

3 min

headphones

10 min

play_arrow

Leit, déi sech an dem Alter vu Kriibs erholl hunn, stelle sech iergendwann d‘Fro, wéini si erëm Schaffe ginn. Fir déi Betraffen ass dat dacks keen einfache Moment. Aarbechtskolleeginnen a Kolleegen oder d‘Patrone wëssen och dacks net domat ëmzegoen, erkläert d‘Martine Risch, Psychotherapeutin bei der Fondation Cancer.

"A ganz oft ass do einfach eng enorm Perplexitéit, datt een net weess, wat ee soll soen. An dann hunn d'Leit oft, datt se léiwer näischt soen."

Den Haaptmessage ass et, keng Angscht ze hunn

Da géif awer de Risiko bestoen, datt ee sech ëmmer méi vun der betraffener Persoun zeréckzitt. Dëst Joer setzt d‘Fondation Cancer dofir de Schwéierpunkt op de Retour op d‘Aarbecht. Iwwer dat ganzt Joer ginn 10 Workshoppen ugebueden, déi sech un de Management vun Entreprise riichten. Also déi Leit, déi ee gudde Retour op d‘Aarbecht sollen encadréieren an déi iwwer d‘legal Mesure musse Bescheed wëssen, esou d‘Martine Risch.

Den Haaptmessage an deene Workshoppen ass et, keng Angscht ze hunn.

"An och, wéi gesot, wann een net weess, wat ee soll soen, datt een einfach dat och esou benenne kann. 'Et deet mer leed, dass dat da passéiert an ech weess net, wat ech soll soen, mee ech géif dech awer gären op dengem Wee ënnerstëtzen'."

D‘Fondation Cancer ënnerstëtz d'Leit beim Retour op d'Aarbecht

Dobäi stellt d‘Fondation Cancer och fest, datt de Retour op d‘Aarbecht besser verleeft, wann de Kontakt bestoe bleift. Dee muss net enk sinn, ënnersträicht d‘Martine Risch. An et muss am Accord vun der betraffener Persoun geschéien.

Déi Betraffe selwer gi vun der Fondatioun selwer ënnerstëtzt. D‘Haaptmissioun läit op der psychologescher Hëllef an der sozialer Ënnerstëtzung vun de Patienten, respektiv Ex-Patienten.

"Vläicht och einfach ze kucke wat e sengem Patron wëll soen, wat net. Mir plädéieren natierlech ëmmer fir eng Kommunikatioun op deene béide Säiten, well wann d'Ëmfeld net weess wat ass, da kënne se natierlech och kee Verständnis dofir hunn."

Net all Patron ass mat progressivem Retour averstanen

Op der anerersäits géif een och kucken, wéi ee mat de Niewewierkunge vun den Traitementer kann ëmgoen, fir dee Wee zeréck an d‘Beruffsliewen ze meeschteren. Do gëtt et och verschidde Méiglechkeeten, wéi een dee Retour mécht. Den Dokter kann zum Beispill eng sougenannt Reprise progressive du travail pour raisons thérapeutiques verschreiwen.

Domat muss dann awer och de Patron averstane sinn: Déi betraffe Persoun kann dobäi nämlech an hirem eege Rhythmus a flexibel zeréck an d‘Aarbechtsliewe kommen. Dat géif och net iwwerall vun all Patron gutt ugeholl ginn, bedauert d‘Martine Risch. "Et ginn är eng an där anerer", seet d'Martine Risch. Dacks wieren et déi méi kleng Betriber, an deene sech méi beméit gëtt, der betraffener Persoun ee gudde Retour ze erméiglechen.

Aner Optioun wier de Reclassement professionelle

Wann de Patron net mat engem progressive Retour sollt averstane sinn, heescht dat awer net direkt, datt ee seng Aarbecht verléiert, verséchert d‘Martine Risch. Et gëtt iwwer de reclassement professionell interne nach d‘Méiglechkeet am Betrib eng aner Aarbecht ze maachen, oder manner ze schaffen. Do muss dann den Aarbechtsdokter eng Evaluatioun maachen.

Oder nach de reclassement professionell externe, an deem Fall fält een awer an de Chômage an et gëtt een iwwer d‘ADEM nees zeréck an den Aarbechtsmarché integréiert.

Lauschterenplay_arrow