Radioen

On air

Tockcity  |  The Virginmarys - There Ain't No Future

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ LNS: D'Waardezäit fir Kriibsdiagnosen ass erofgaangen

Gesondheet

LNS: D'Waardezäit fir Kriibsdiagnosen ass erofgaangen

Beim Staatslabo LNS hu sech d’Waardezäite fir Kriibsdiagnose verkierzt. An der Pathologie dauert et mëttlerweil ronn 8 Deeg. Bei den Ofstrécher vun de Frae muss ee mat 2 bis 3 Deeg Waardezäit rechnen. Dat ass eng signifikant Verbesserung zu leschtem Fréijoer.

auto_stories

2 min

Geschriwwe vum Ilana Joseph

Virun engem Joer huet een deelweis bis zu 3 Wochen op säi Resultat misse waarden.

Virun allem gouf un der Kapazitéit vum Labo geschafft. Dat erkläert den Dr. Thomas Dentzer am 100,7 Interview. Et goufe méi Leit agestallt, Prozesser automatiséiert an digitaliséiert a méi Statiounen agebaut.

Zil ass et op 4-5 Deeg erofzekommen

Och bitt den ONS verschidden Trainingsprogrammer fir seng Mataarbechter:innen un a schafft an Eenzelfäll mat Laboen aus dem Ausland zesummen. Dës Ëmstrukturéierungen hätten dozou gefouert, datt d’Waardezäit stabil bliwwen ass déi lescht Méint. Dat obwuel d’Zuel vun den Echantillonen ëm 15 Prozent am Verglach mam Joer virdru geklommen ass. Den Thomas Dentzer vum LNS gesäit awer nach Sputt no uewen. 

"Vue datt mir jo deen eenzegen Zentrum hei zu Lëtzebuerg sinn, hu mer all Komplexitéite vu ganz einfache, déi ganz schnell ginn, bis zu ganz komplizéierten, déi wierklech laang daueren. Mee am Endeffekt muss ee vläicht soen, eist Zil ass schonn, op véier, fënnef Deeg erofzekommen."

Mat den Ännerungen, déi an de leschte Méint gemaach goufen, misst dat och machbar sinn, mengt den Thomas Dentzer.