Radioen

On air

Tockcity  |  The Black Keys - The Night Before

play_arrow Live
search

/ Zuchverkéier a Frankräich normaliséiert sech weider

No Sabotage-Akten

Zuchverkéier a Frankräich normaliséiert sech weider

No den Sabotage-Akten op der Franséischer Bunn géif sech den Zuchverkéier haut nach eng Kéier verbesseren, sou d‘SNCF.

auto_stories

1 min

SNCF Assistance | © picture alliance / NurPhoto | Adnan Farzat
SNCF Assistance (Foto: picture alliance / NurPhoto | Adnan Farzat)

D’Streck tëscht Paräis an dem Norde vu Frankräich ass nach net komplett operationell. 70 Prozent vun den TGVen zirkuléiere mat Retarde vu bis zu zwou Stonnen.

D’Fléckaarbechten op der Atlantikstreck a Richtung Bretagne, Bordeaux Westen a Südweste ginn awer séier virun, an de Mëtteg kéinte bis zu 90 Prozent vun den TGVe fueren.

Nach ass net gewosst wien hannert de Sabotageakte stécht.