Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sämtlech Flich vu Lëtzebuerg an Däitschland annuléiert

Wéinst Warnstreiken 

Sämtlech Flich vu Lëtzebuerg an Däitschland annuléiert

Betraff sinn d‘Flich op Berlin-Brandenburg, Frankfurt a München vun de Fluggesellschaften Luxair, Lufthansa a AirDolomiti. De Vol op Hamburg war um Sonndeg schonn annuléiert ginn a wäert och haut net sinn, esou d'Luxair an engem Schreiwes. De Fliger vun Hamburg op Lëtzebuerg wier zwar nach geplangt, mee dat kéint sech nach änneren.

auto_stories

1 min

Flughafen Düsseldorf | © picture alliance/dpa | Christoph Reichwein
Flughafen Düsseldorf (Foto: picture alliance/dpa | Christoph Reichwein)

De Warnstreik, zu deem d'Gewerkschaft Verdi opgeruff hat, huet an der Nuecht op 13 däitsche Flughäfen ugefaangen. Dorënner Berlin-Brandenburg, Frankfurt, München a Köln.

De Streik soll 24 Stonne laang daueren. Beschäftegter aus dem ëffentlechen Déngscht bei de Flughafebedreiwer, dem Buedemverkéier an dem Loftsécherheet hunn hir Aarbecht néiergeluecht

Hannergrond sinn d'Tarifverhandlungen, wou nach keen Accord fonnt gouf. Déi nächst Verhandlungsronn ass fir e Freideg geplangt.