Radioen

On air

Notturno  |  John Francis Flynn - Mole In The Ground

play_arrow Live
search

/ Zu Paräis ass haut eng international Donateurskonferenz fir de Sudan

Hëllef fir Land am Biergerkrich

Zu Paräis ass haut eng international Donateurskonferenz fir de Sudan

D'Konferenz gouf vu Frankräich, Däitschland an der EU organiséiert an et geet drëms, weider Suen ze sammele fir dem Sudan ze hëllefen.

auto_stories

1 min

Sudan | © picture alliance/dpa | Eva-Maria Krafczyk
Sudan (Foto: picture alliance/dpa | Eva-Maria Krafczyk)

Zënter iwwert engem Joer gëtt et e bluddege Biergerkrich an deem nordostafrikanesche Land. Dausenden Ziviliste koumen ëm d‘Liewe an aacht Millioune Leit sinn op der Flicht. An e puer Regioune besteet de Risiko vun enger Hongersnout. D‘Situatioun am Sudan wier déi gréisst humanitär Kris op der Welt, esou d‘Aschätzung vum fréieren UNO-Spezialbeoptragte fir de Sudan.