search

/ Zënter bal engem Joer ass de Grenziwwegang Rafah an der Gazasträif nees opgaangen

Noen Osten

|
headphones

1 min

Zënter bal engem Joer ass de Grenziwwegang Rafah an der Gazasträif nees opgaangen

Fir d‘éischte Kéier zënter ronn engem Joer ass zu Rafah an der Gazasträif de Grenziwwergang mat Ägypte nees opgaangen. De Passage ass awer limitéiert, hunn déi israeelesch Autoritéite betount.

headphones

1 min

Camionen vun der humanitärer Hëllef um Grenziwwergank Rafah tëschent Ägypten an der Gazasträif | © EPA/STRINGER
Camionen vun der humanitärer Hëllef um Grenziwwergank Rafah tëschent Ägypten an der Gazasträif (Foto: EPA/STRINGER)

Aus der Gazasträif gi fir elo mol pro Dag nëmme 50 Persounen, déi eng medezinesch Behandlunge brauchen, iwwert d‘Grenz gelooss. Ëmgedréint dierften och just 50 Leit pro Dag aus Ägypten zeréck an hir Heemecht an d‘Gazasträif reesen.

Humanitär Convoien däerfe weider net iwwert d‘Grenz zu Rafah fueren.

D‘Re-Ouverture vun der Grenz zu Rafah ass Deel vun der éischter Phase vum amerikanesche Friddensplang fir Gaza.

EU-Chefdiplomatin äussert sech

D‘EU-Chefdiplomatin Kaja Kallas huet d‘Re-Ouverture op X begréisst. Eng zivil Missioun vun der EU zu Rafah fir d‘Passagen iwwert d‘Grenz ze iwwerwaachen an déi palästinensesch Grenzschützer ze ënnerstëtzen, wier sur Place, esou d'EU-Chefdiplomatin. Fir krank a blesséiert Leit aus der Gazasträif wier d‘Re-Ouverture liewenswichteg, esou nach d‘Kaja Kallas. 

Ronn 20.000 Betraffe géifen am Gaza op een Traitement am Ausland waarden, esou palästinensesch Sourcen.