arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sanktioune géint israeelesch Siidler: Bettel wëllt Benelux-Eegeninitiativ préiwen

EU-Ausseministeren

|
reading time

2 min

Sanktioune géint israeelesch Siidler: Bettel wëllt Benelux-Eegeninitiativ préiwen

Obwuel aner EU-Länner een Aussetze fuerderen, sot den däitschen Ausseminister um Bord vum EU-Ausseministertreffen, et wier "inappropriéiert" fir Fräihandelsvirdeeler fir Israel ze sträichen. Lëtzebuerg wéilt méiglecherweis Eegeninitiativ ergräifen, wéi de Xavier Bettel am 100,7-Interview sot.

reading time

2 min

Xavier Bettel | © MAE
Xavier Bettel (Foto: MAE)

Sechs EU-Länner sinn dogéint, den EU-Associatiounsaccord mat Israel a Fro ze stellen oder esouguer auszesetzen, wéi Spuenien, Slowenien an Irland dat fuerderen.

Och Sanktiounen, beispillsweis Tariffer op Produiten aus dem Westjordanland, wou israeelesch Siidler ëmmer méi brutal virginn, wäert et esou séier net ginn. Och do stemme sech sechs Länner dogéint.

Zesumme mat Belsch an Holland Eegeninitiativ analyséieren

Lëtzebuerg kuckt do awer zesumme mat de Beneluxlänner selwer aktiv ze ginn, wéi den DP-Ausseminister Xavier Bettel um Bord vum EU-Ausseministertreffen um Kierchbierg seet.

Et géif ee wéineg aus der Géigend importéieren, esou de Xavier Bettel, meeschtens géif een dat iwwer Antwerpen oder Rotterdam erakréien. 

"Dofir kucken ech mam Nopeschland Belsch, mam Benelux-Kolleeg Holland, wéi mer do eis kënnen eenegen. Opjiddefall ass et dat, wat ech eis Servicer och gefrot hat, weider ze analyséieren."

D’Walvictoire vum Péter Magyar an Ungarn huet vill Politiker:innen optimistesch gestëmmt, datt de 90 Milliarden Euro Prêt vun der EU un d’Ukrain kéint duerchgedréckt ginn.

Skepsis par Rapport zu neie Regierungen

De Xavier Bettel ass skeptesch, ob dat wierklech och esou wäert geschéien. Besonnesch wann een op aner Walen an EU-Länner kuckt.

"Mir hunn a Bulgarien a Slowenien nei Regierungen. Ech weess net, wéi déi ticken. A wann ech meng Informatioun kucke vun deem engem an deem aneren, dee bis elo an d'Verantwortung geholl ginn ass, wéi den neie sloweenesche Chamberspresident, dee seng éischt Rees op Moskau gär mécht, sinn ech skeptesch, datt mer sollen elo Schampesfläschen opmaachen, well den Här Orbán fort wier." 

Wat ee sech vum neien ungaresche Premier erwaarde kéint, wollt de Xavier Bettel nach kee Jugement treffen. Dofir misst den DP-Ausseminister nach kloer héieren, wat dem Péter Magyar seng Intentioune wieren.