arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Premier Luc Frieden zu Zypern fir iwwer den Impakt vun der Energiekris ze schwätzen

EU

|
reading time

1 min

Premier Luc Frieden zu Zypern fir iwwer den Impakt vun der Energiekris ze schwätzen

De Premier Luc Frieden ass haut op der informeller Reunioun vun den europäesche Staats- a Regierungscheffen op Zypern. Haut a muer sollen si do iwwer d‘Situatioun am Noen Osten an am Mierespassage vun Hormus beroden, an iwwer d‘Suitten dovu fir d‘EU-Länner.

reading time

1 min

Informell Reunioun op Zypern | © EPA/GEORGE CHRISTOFOROU
Informell Reunioun op Zypern (Foto: EPA/GEORGE CHRISTOFOROU)

D'EU wëllt sech beroden, fir mat der Energiekris ëmzegoen, fir den Impakt op d'Memberlänner esou kleng wéi méiglech ze halen. 

Och den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj ass op Zypern bei deem informelle Sommet dobäi. Hien huet den Deblockage vum europäeschen Hëllefspak begréisst.

Prêt vun 90 Milliarden Euro fir d'Ukrain

D’Europäesch Unioun huet haut formell dee Prêt vun 90 Milliarden Euro fir d’Ukrain op de Wee bruecht, nodeems gëschter Ungarn säi Veto opginn hat.

D‘EU ass sech och eens ginn iwwer een neie Sanktiounspak géint Russland. Den zwanzegste Pak mat Sanktiounen hätt scho sollen am Februar a Kraaft trieden. E gesäit ënner anerem vir, datt europäesch Entreprisen sech net dierfen u Reparatioune vu russesche Raffinerië bedeelegen, déi duerch ukrainesch Attacke beschiedegt goufen. Et sollen och weider Banke vum Kommunikatiouns-System Swift ofgekoppelt ginn.

Et ass een sech awer net eens ginn doriwwer, all Servicer déi mam Transport vu russeschem Pëtrol zesummenhänken, ze verbidden.