arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Teheran: Nach ëmmer “grouss Differenze” mat den USA

Krich am Noen Osten

|
reading time

1 min

Teheran: Nach ëmmer “grouss Differenze” mat den USA

Bei de Friddensverhandlunge mat Washington bestinn nach ëmmer grouss Differenzen, esou Teheran. Deemno wier een nach wäit vun engem endgültegen Accord wech, sou den iranesche Parlamentspresident.

reading time

1 min

Archivfoto Iran | © EPA/ABEDIN TAHERKENAREH
Archivfoto Iran (Foto: EPA/ABEDIN TAHERKENAREH)

Kuerz nodeem den Iran déi annoncéiert Ouverture vun der Strooss vun Hormus um Samschdeg nees réckgängeg gemaach hat, koum et zu Schëss.

Déi iranesch Revolutiounsgarden hunn zwee Schëffer mat Pëtrol u Bord, déi ënner indeschem Fändel gefuer sinn, beschoss. Doropshin huet Indien den iraneschen Ambassadeur convoquéiert.

Blockage vun Häfen als Grond genannt

Teheran huet dës Attacke domat begrënnt, datt d‘USA weider un hirer Blockad vun iraneschen Häfe festhalen. 

Den US-President Donald Trump huet erkläert, et géif ee sech net vum Iran erpresse loossen.