arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Missioun fir de Schutz vun der Strooss vun Hormus vu véier EU-Staaten ugekënnegt

Noen Osten

|
reading time

1 min

Missioun fir de Schutz vun der Strooss vun Hormus vu véier EU-Staaten ugekënnegt

Groussbritannien a Frankräich wëllen zesumme mat Däitschland an Italien eng multinational Missioun fir de Schutz vun der Schëfffaart am Hormus-Passage lancéieren.

reading time

1 min

Merz, Macron, Starmer a Meloni de 17. Abrëll 2026 zu Paräis | © EPA/JEANNE ACCORSINI / POOL MAXPPP OUT
Merz, Macron, Starmer a Meloni de 17. Abrëll 2026 zu Paräis (Foto: EPA/JEANNE ACCORSINI / POOL MAXPPP OUT)

Dat hunn déi véier Staats- a Regierungscheffen no enger Konferenz zu deem Theema um Freideg zu Paräis matgedeelt.

Dësen Asaz soll strikt defensiv a friddlech sinn. Detailer zur Ëmsetzung sollen d‘nächst Woch op enger neier Konferenz zu London festgeluecht ginn.

D‘Annonce aus dem Iran vun der Ouverture vun Hormus gouf zu Paräis éischter virsiichteg begréisst.

Soubal et eng dauerhaft Wafferou géif ginn, kéint ee mat enger reng defensiver Missioun ufänke fir d’Sécherheet an den Trafic an der Strooss vun Hormus ze garantéieren, huet et geheescht.