Eng Partie Schëffer, déi sech op de Wee duerch d’Strooss vun Hormus gemaach haten, ware scho virdrun nees ëmgedréint.
Den Iran hat schonn am Virfeld mat enger neier Blockade gedreet, wann d‘USA déi iranesch Häfen net nees fräiginn. Den Iran huet dat als „Piraterie“ beschriwwen.
Nei Gespréicher dëse Weekend?
Teheran hat gëschter annoncéiert, datt d‘Mieresstrooss vun Hormus wärend der Wafferou mam Libanon nees soll opgoen, fir all Handelsschëffer.
Den US-President Donald Trump hat dës Annonce zwar begréisst mee hien hat och direkt ugekënnegt, all iranesch Häfe weider wëllen ze blockéieren, bis et ee finalen Accord mam Iran gëtt.
Vu Washington heescht et, datt amerikanesch an iranesch Vertrieder „warscheinlech“ dëse Weekend fir eng weider Gespréichsronn zesummekéimen.
Den Donald Trump huet sech zouversichtlech gewisen a behaapt, datt een Accord mam Iran an den „nächsten ee bis zwee Deeg méiglech wier“.
Iraneschen Aussoen no, kéint e Méinden a Pakistan nei verhandelt ginn.