Radioen

On air

Notturno  |  Eddie Chacon - Above Below

play_arrow Live
search

/ Zu Fouss vun Novi Sad op Bréissel fir politesch Verännerung

Serbesch Studentinnen a Studenten

Zu Fouss vun Novi Sad op Bréissel fir politesch Verännerung

17 Stied, aacht Länner, 2.000 Kilometer. Zanter Enn Abrëll waren 21 serbesch Studentinnen a Studente vun Novi Sad am Norde vu Serbie op engem Ultramarathon ënnerwee a Richtung Bréissel. Um Méindegowend sinn si an der belscher Haaptstad ukomm.

auto_stories

5 min

headphones

5 min

21 serbesch Studentinnen a Studente ware vun Novi Sad op Bréissel gelaf | © Jimmy Bruch play_arrow
21 serbesch Studentinnen a Studente ware vun Novi Sad op Bréissel gelaf (Foto: Jimmy Bruch)

Mat hirer Lafaktioun wëllen d’Studenten op déi aktuell politesch Kris an hirem Land opmierksam maachen. Zanter ronn sechs Méint kënnt et a Serbie ëmmer nees zu Demonstratioune géint politesch Mëssstänn. Op hirem Parcours ware si de leschte Samschdeg och zu Lëtzebuerg op enger Rascht an hunn hei protestéiert. Hirt Ziel: E Gespréich mat Vertrieder:inne vun der EU.

"Zil ass et d'Europäesch Parlament a Kommissioun ze treffen"

Déi 21 Serbesch Studentinnen a Studenten an, den Organisateuren no, 300 Supporter:innen, déi hir Ënnerstëtzung mat vill Enthusiasmus gewisen, hu sinn e Samschdeg op der Place Clairefontaine am Stater Regierungsvéirel zesummekomm. D’Studentinnen a Studente goufe vun der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer an dem gréngen Deputéierte Meris Sehovic empfaang. Ënner hinnen ass d’Dunja Stanojkovic, déi erkläert wisou si op Bréissel lafen.

"D'ultimatiivt Zil ass et, d’Europäesch Parlament an d’Kommissioun ze treffen, hinnen déi aktuell Situatioun a Serbien ze weisen an si ëm hiren Asaz ze bieden."

Protester géint chronesch Korruptioun an autoritär Tendenzen

An d’Situatioun a Serbien bleift ugespaant: Zanter am November zejoert 16 Leit ëm d’Liewe komm sinn, wéi de frësch renovéierten Daach vun enger Gare zu Novi Sad agestierzt ass, versammele sech reegelméisseg Honnertdausende Leit an de Stroossen vu Serbien, fir géint d’Regierung ze protestéieren. Hir ginn autoritär Tendenzen a chronesch Korruptioun virgehäit. Kuerz nodeems deen Dag agestierzt war, war ënner anerem den deemolege Bauteminister wéinst schwéierer Gefäerdung vun der ëffentlecher Sécherheet verhaft ginn.

Zanterhier steet de President Aleksander Vucic ënner Drock, ëmmer nees gëtt säi Récktrëtt gefuerdert. Dat och virum Hannergrond vu Gewaltvirwërf géint d’Demonstranten. Déi Serbesch Studenten a Studentinne wëllen dowéinst mat hirem Ultramarathon iwwer d’Grenzen ewech op d’Problemer an hirem Land opmierksam maachen.

Op der Place Clairefontaine goufen 21 serbesch Studentinnen a Studenten emfaangen
Op der Place Clairefontaine goufen 21 serbesch Studentinnen a Studenten emfaangen

Fundamental demokratesch Wäerter nees hierstellen

Si hu kloer Fuerderungen un d’europäesch Institutiounen an hunn déi a Bréiwer un d’EU festgehalen, sou Marija Bjekovic, Responsabel fir d’Promotioun vum Marathon zu Lëtzebuerg:

"An deene Bréiwer gëtt de Rechtsstaat gefuerdert, d’Onofhängegkeet vun der Justiz, d’Pressefräiheet, fräi Walen, kuerz: All déi fundamental Wäerter vun der Demokratie. Si froen ëm Ënnerstëtzung, fir des Wäerter a Serbien nees ze etabléieren."

Neie Premier ass géint Protester op den Unien

Am Mäerz war den deemolege Regierungschef Milos Vucevic no undauernde Protester zeréckgetrueden. Am Abrëll huet dat serbescht Parlament eng nei Regierung gewielt. Mam Djuro Macut als Premierminister: En Uni Professer fir Medezin, ouni politesch Erfarung, dee sech vun Ufank u géint d’Protester op den Unien ausgeschwat huet. Serbien ass zanter 2024 Kandidat fir eng méiglech EU-Memberschaft.

Am Korruptiouns-Index vun Transparency International läit Serbien aktuell op Platz 105 vun 180 observéierte Länner. Fir déi 21 Leefer:inne, vun deene keen e professionelle Sportler oder Sportlerin ass, geet et dofir ëm méi wéi just e potenziellen EU-Bäitrëtt seet d’Dunja Stanojkovic:

"Wa Serbien der EU bäitrëtt – Super – wann net, dat wat zielt sinn d’Wäerter."

Op Treffe mat zwee EU-Kommissären invitéiert

Iwwerdeems déi 21 Leefer:innen aus Serbie e Méindeg zu Léck ukomm sinn, huet e Spriecher vun der EU Kommissioun annoncéiert, datt d’EU e klore Message un d’Studenten hätt: 

"Mir schwätze mat jidderengem an dat ass de Message deen de Kommissär Kos fir d’Studenten huet. Mir wäerten hire Fuerderungen an hirem Message nolauschtere. Mir wëlle mat jidderengem schaffen deen un engem EU-Bäitrëtt an de wichtege Reforme schafft."

D’Studentinnen a Studenten aus Serbien sinn elo fir en Donneschdeg op e Gespréich mat den EU Kommissaire Marta Kos, déi fir d’Erweiderung zoustänneg ass, an dem Malteser Glenn Micallef, zoustänneg fir Jugendfroen, invitéiert. 

Lauschterenplay_arrow