search

/ Yves Cruchten (LSAP) bedauert d'Reaktioun vun der Lëtz. Regierung op US-Ugrëff

Ugrëff op Venezuela

|
headphones

1 min

headphones

6 min

play_arrow

Yves Cruchten (LSAP) bedauert d'Reaktioun vun der Lëtz. Regierung op US-Ugrëff

Zënter datt den Donald Trump nees President vun den USA ass, géif d'Europäesch Unioun op de Knéie rutschen, esou den aussepolitesche Spriecher vun der LSAP, den Yves Cruchten. Esouwuel d'EU wéi awer och Lëtzebuerg misste méi kloer Wierder fannen, soss kéimen däischter Zäiten op een duer.

headphones

1 min

headphones

6 min

play_arrow
Venezuelaner feieren an der Stad Medellin d’Destitutioun vum President Maduro a senger Fra | © picture alliance / NurPhoto | Camilo Moreno
Venezuelaner feieren an der Stad Medellin d’Destitutioun vum President Maduro a senger Fra (Foto: picture alliance / NurPhoto | Camilo Moreno)

D'Virgoe vun den USA a Venezuela misst kloer verurteelt ginn, mengt den Yves Cruchten. Hie géif bedaueren, datt déi Lëtzebuerger Regierung ee ganzen Dag gebraucht hätt, fir sech ze äusseren

Dat, wat d'Regierung an engem Communiqué matgedeelt huet, wier iwwerdeems "nichtsaussagend", esou den Yves Cruchten. 

"Keng Spuer vu Kritik um Virgoe vun den USA (...) An dobäi ass et relativ kloer, datt hei d'internationaalt Recht mat Féiss getrëppelt gëtt. An ech fannen, mir begruewen domadder dee klenge Recht vu Kredibilitéit, dee mir nach an der Aussepolitik haten."

Um 9 Auer um Méindeg de Moie kënnt iwwerdeems déi aussepolitesch Chamberkommissioun zesummen. Och den DP-Ausseminister Xavier Bettel wäert present sinn. Hien hofft, datt do méi kloer Wierder wäerte fonnt ginn, esou den Yves Cruchten. 

Reaktioune vu Lëtzebuerger Parteien 

Déi Kommunistesch Partei vu Lëtzebuerg huet d'Virgoe vun den USA a Venezuela schaarf verurteelt. Och déi Lénk hunn déi Lëtzebuerger Regierung dozou opgeruff, den US-Ugrëff kloer ze verurteelen. 

play_arrow Lauschteren