arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Russesche Geheimdéngscht weist Verdächtegungen zeréck: Kee Lien mat der Epstein-Affär

Sexualverbriechen

|
headphones

2 min

Russesche Geheimdéngscht weist Verdächtegungen zeréck: Kee Lien mat der Epstein-Affär

En enke Mataarbechter vum russesche Staatschef Wladimir Putin, huet erkläert, datt déi "verluge lénk Elite" a Panik géife geroden a probéiere géifen, falsch Spueren ze leeën.

headphones

2 min

© picture alliance / NurPhoto | Bryan Dozier
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Bryan Dozier)

De polnesche Regierungschef Donald Tusk hat virdru Kommentarer gemaach, déi an esou eng Richtung gedeit hunn. Deene Kommentarer no kéint de russesche Geheimdéngscht Kontakter zum verurteelten a verstuerwene Sexualstroftäter Jeffrey Epstein gehat hunn.

Verschidden Epstein-Dokumenter mat Nimm vun Affer goufen zeréckgezunn

No der rezenter Publikatioun vu Milliounen Dokumenter an der Affär rondrëm d'Sexualverbriechen an der Affär-Epstein huet den US-Justizministère elo nees Dausende vun deenen Dokumenter zeréckgezunn.

Dat, well fälschlecherweise Affer an den Dokumenter identifizéiert konnte ginn, hir Email Addressen an och Fotoen, wou ee si plakeg gesinn huet, an hir Nimm waren erkennbar. 

Ronn 100 Affer vum Jeffrey Epstein hunn d‘Publikatioun vun deenen Dokumenter schaarf verurteelt. Dat géif si nach emol traumatiséieren. Den US-Justizministère huet erkläert, d‘Publikatioun vun deenen Dokumenter wier op e mënschlechen oder en technesche Feeler zeréckzeféieren.

Géint Ex-Labour-Minister gëtt enquetéiert 

Déi brittesch Police huet eng Enquête géint de fréiere Labour Minister a fréieren EU-Handelskommissär Peter Mandelson opgemaach.

Hie kritt virgehäit, dem Jeffrey Epstein sensibel Regierungsformatioune per E-Mail geschéckt ze hunn.

Ënner den neien Epstein Dokumenter, déi rezent an den USA verëffentlecht goufen, sinn Emailen, déi undeiten, datt de Peter Mandelson 2009 den Jeffrey Epstein am Virfeld iwwer d‘Pläng fir d‘Rettung vum Euro wärend der Finanzkris informéiert hat.

Och d‘Europäesch Unioun huet eng intern Enquête opgemaach.

An der Suite vu senge presuméierte Liene mam Jeffery Epstein war de Peter Mandelson viru kuerzen och als US-Ambassadeur entlooss ginn, an ass dës Woch och aus der Labour Partei ausgetrueden. 

De brittesche Premier Keir Starmer steet ënner Drock vun der Oppositioun an och senger eegene Fraktioun. Dofir wëll d'Regierung all d'Dokumenter iwwer dem Mandelson seng Nominéierung an d‘Sécherheetschecks publizéieren. Ausser déi, déi ënner déi national Sécherheet falen.