D‘Ausweisunge ware vun engem Riichter zu Boston gestoppt ginn. Hien sot, déi betraffe Migrante missten, och wa si keng Openthaltsgeneemegung an den USA kruten, fir d‘éischt d‘Méiglechkeet kréien, mat den Autoritéiten iwwert déi méiglech Gefore vun den Drëttlänner ze schwätzen. Dozou ziele Folter oder ëmbruecht ze ginn.
Beim Supreme Court hunn awer 6 vun de 9 Riichter a Riichterinnen dat Argument ofgeleent.
Domat kann dem Trump seng Regierung mat de Massendeportatiounen an Drëttlänner virufueren.