De Mohammed Bin Salman war vun der US-amerikanescher Virgängerregierung als Paria, also een Ausgestoussenen, agestuuft ginn. Amerikanesch Geheimdéngschter haten erausfonnt, datt hien 2018 perséinlech den Uerder ginn hat fir de Journalist vun der Washington Post Jamal Khashoggi ze ermorden a seng Läich verschwannen ze loossen.
Elo, 7 Joer méi spéit, ass et deen éischte Besuch vum mächtegste Mann a Saudi-Arabien no deem international verurteelte Mord um saudesche Journalist. Säi Besuch an den USA gouf massiv vu Journalisten a Mënscherechtsaktiviste kritiséiert.
Dorop ugeschwat sot den Donald Trump, dee Personnage wier ëmstridde gewiescht, de saudesche Krounprënz wier net doriwwer am Bild gewiescht an hie géif sech enorm fir Mënscherechter asetzen.
De Mohammed Bin Salman selwer huet gemengt, dat wier ee schreckleche Feeler gewiescht an et géif een alles maachen, fir datt sech esou eppes net géif widderhuele.