arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dausende Leit hunn a Minnesota géint d'US-Awanderungsautoritéit ICE protestéiert

USA

|
headphones

1 min

Dausende Leit hunn a Minnesota géint d'US-Awanderungsautoritéit ICE protestéiert

Dausende Leit hu gëschter um Freideg a Minnesota an den USA géint d‘Aktioune vun der Awanderungsautoritéit ICE (Immigration and Customs Enforcement) manifestéiert – Et war e Streikdag, op deem vill Geschäfter zou bliwwe sinn, d‘Leit net op d‘Aarbecht an d‘Schüler net an d‘Schoul gaange sinn. 

headphones

1 min

E Protest géint d'US-Immigratiounsautoritéit ICE | © EPA/OLGA FEDOROVA
E Protest géint d'US-Immigratiounsautoritéit ICE (Foto: EPA/OLGA FEDOROVA)

D'Protester ginn zréck op d‘Erschéissung vun enger 37 Joer aler Fra zu Minneapolis ufanks Januar, déi fir vill Opreegung gesuergt huet, well Filmopnamen d‘Faiten dokumentéieren.

Och a Kalifornien an zu New York hu Leit aus Solidaritéit mat der erschossener Fra géint ICE protestéiert.

D‘Regierung vum Donald Trump verteidegt d‘Actiounen vun ICE. D‘Manifestante wiere radikaler, déi just wéilten stéieren, sot zum Beispill den amerikanesche Vizepresident JD Vance.