Déi staark Seahawks Defense ronderëm d'Ekipp vum Quarterback Sam Darnold huet zu enger zimmlech eesäiteger Partie geéiert. D‘Patriots haten zu kengem Moment eng reell Chance hire siwenten Titel ze gewannen.
Halbzeit-Show suergt bei gewësse Leit fir Opreegung
An der berüümter Halbzeit-Show hat de puerto-ricanesche Rapper Bad Bunny säin Optrëtt. Dee war jo am Virfeld scho schaarf vum amerikanesche Präsident Donald Trump kritiséiert ginn. De Sänger huet zwar eng sëllege politesch Botschafte placéiert, do ass et awer éischter ëm d‘Zesummestoe vu ganz Amerika gaangen. Op Kriticken oder direkt Attacken huet de Kënschtler verzicht.
Den Donald Trump huet d‘Show op Truth Social absolut schrecklech genannt. Et géif ee kee Wuert verstoen an dat Ganzt hätt näischt mat Amerika ze dinn. De Bad Bunny huet nämlech exklusiv op Spuenesch gesongen. Den US-President selwer war net bei der Final dobäi.
Méi iwwer déi sportlech a politesch Hannergrënn vun dësem 60. Super Bowl