USA deele Begrënnung mat firwat de somalesche FIFA-Arbitter net dierft areesen
De somaleschen Arbitter Omar Rartan deen op der amerikanescher Grenz ofgewise gouf an d‘WM net däerf päifen ass elo a senger Heemecht begeeschtert empfaange ginn. D‘USA hunn an Tëschenzäit Erklärunge fir den Areesrefus ginn.
Et sollen deemno Sécherheetsbedenke gi sinn, datt den Arbitter Kontakter zu terroristesche Milieuen hätt. Somalia gehéiert zu den 39 Staaten déi vun den USA op eng rout Lëscht gesat goufe wat d‘Arees betrëfft.
D‘UNO huet Washington iwwerdeems dozou opgeruff, seng Migratiounspolitik, a wéi se um Terrain applizéiert gëtt, nach emol vu Grond op ze iwwerschaffen.