Wann een an d USA wëllt areesen, muss ee vun elo un déi lescht fënnef Joer vu sengen Aktivitéiten op de Soziale Medien oppeleeën. Och Telefonsnummeren a E-Mail-Adressen, déi een an de leschte fënnef Joer benotzt huet, misst ee matdeelen. Dobäi komme Gebuertsdeeg, Wunn- a Gebuertsplaze vu Familljememberen.
arrow_back_ios
100komma7.lu
USA
|Amerikanesche Grenzschutz wëllt Areesreegele fir Touriste verschäerfen
Wie mat engem sougenannten ESTA-Visa wéilt areese misst aner Krittären erfëlle wéi bis elo. Ënner engem ESTA-Visa versteet een e Visa an den USA vu bis zu 90 Deeg fir Länner, déi ënner déi sougenannte Visa-Waver-Länner falen. Dozou gehéieren e groussen Deel vun den europäesche Länner.
USA Washington Kapitol (Foto: Bigstock / rarrarorro)