arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat de Réckzuch aus dem Multilateralismus wierklech bedeit

Fräie Mikro

|
headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Wat de Réckzuch aus dem Multilateralismus wierklech bedeit

Am Fräie Mikro vun haut schwätzt de Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg, iwwer en oppene Bréif, dee sech un de President an de Secretary of State vun den USA riicht an d’Risike vum Austrëtt aus dem Multilateralismus thematiséiert.

headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Deen oppene Bréif gouf koordinéiert vu Humanists International an en ass lo scho vun iwwer 16 Organisatiounen aus der ganzer Welt ënnerschriwwe ginn. Och AHA Lëtzebuerg huet en ënnerschriwwen.

Loosst eis direkt kloer sinn: Mir hu keng Illusiounen. En oppene Bréif wäert net vun haut op muer d’Politik vun enger Weltmuecht op de Kapp dréinen. Dat wier naiv. Mee guer näischt ze soen, dat wier nach méi problematesch.

Solidaritéit ass net spektakulär, mee se ass wichteg. Besonnesch dann, wann de politesche Wand méi rau gëtt.

Problemer gëtt een esou net lass

De Bréif reagéiert op d’Decisioun vun den USA, sech aus enger ganzer Rei vun internationalen Organisatiounen, Verträg a Konventiounen zeréckzezéien. Dat geschitt an enger Zäit, an där d’Spannungen an der Welt klammen an an där Zesummenaarbecht eigentlech eng Noutwendegkeet wier.

Déi grouss Erausfuerderungen, mat deene mir konfrontéiert sinn – Klimawandel, Pandemien, Waffenhandel, digital Iwwerwaachung, Mënscherechtsverletzungen – hale sech net un national Grenzen.

Aus internationale Konventioune rauszeklammen heescht net, datt een dono dës Problemer lass wier. Et heescht just, net méi do ze sinn, wou Léisunge verhandelt ginn.

D’Realitéit bleift déi selwecht. D’Froen och. Wat verluer geet, ass d’Méiglechkeet, mat ze schwätzen, mat ze gestalten a Verantwortung mat ze droen.

Eng Rhetorik, déi vulnerabel mécht

Besonnesch alarméierend ass dobäi d’Sprooch, déi dës Politik begleet. Wann Zivilgesellschaft, ONGen a Mënscherechtsorganisatiounen als Feindbild duergestallt ginn, da bleift dat net ouni Konsequenzen.

Esou eng Rhetorik mécht Mënscherechtsverdeedeger méi vulnerabel a schaaft e Klima, an deem Repressioun méi einfach gerechtfäerdegt ka ginn.

Dat ass näischt Abstraktes. Dat gesi mir ëmmer nees, iwwerall op der Welt.

Institutiounen. déi net perfekt sinn: Besser wéi näischt?

Wéi de Gary McLelland, den Direkter vu Humanists International, et niichter ausgedréckt huet: Sech vum Multilateralismus zeréckzezéien, mécht d’Welt manner sécher, manner gerecht a manner transparent.

AHA Lëtzebuerg huet dëse Bréif ënnerschriwwen, well Humanismus ëmmer iwwer Grenzen eraus geduecht muss ginn. Déi mënschlech Dignitéit muss universell sinn. An dofir sti mir och solidaresch mat eise Partner an den USA, ënner anerem der American Humanist Association an American Atheists, déi sech ënner ëmmer méi schwierege Konditioune fir dës Wäerter asetzen.

Dat hei ass net d’Enn vum Multilateralismus – ausser mir géifen et einfach lafe loossen. D’Institutiounen, déi nom Zweete Weltkrich entstane sinn, waren ni perfekt. Si si Kompromësser, dacks schwéierfälleg, heiansdo frustréierend. Mee si sinn nach ëmmer besser wéi eng Welt, an där nëmmen nach d’Muecht vum Stäerksten zielt.

Prakteschen Humanismus ass kee blannen Optimismus. Hie bedeit, Verantwortung ze iwwerhuelen op Basis vu Wëssen an Empathie. An heiansdo fänkt dat ganz kleng un: Mat enger Stëmm, déi sech net zeréckzitt.

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.

 

play_arrow Lauschteren