arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Imperialistesch Dreem vum US-President Donald Trump

Fräie Mikro

|
headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Imperialistesch Dreem vum US-President Donald Trump

E groussen Deel vun der europäescher Bevëlkerung ass prett sech géint den imperiale Projet vun engem Donald Trump ze wieren. Héich Zäit, datt déi politesch Dirigentë vun der EU déi selwecht Bereetschaft an Energie weisen. Do hëlleft och e Bléck an d'Geschicht, esou den Denis Scuto am Fräie Mikro.

headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Denis Scuto | © Radio 100,7
Denis Scuto (Foto: Radio 100,7)

1995 hunn ech am Tageblatt am Kader vum Kulturjoer den Historiker Gilbert Trausch interviewt. E puer Joer no der Chute vun der Berliner Mauer wosst hien, datt mir weder um Enn vun der Geschicht ukomm waren, nach déi liberal Demokratie als Modell triumphéiert hat.

Mee, sot hien, mir erliewen d'Enn vun den Utopien, wat schlëmm ass.

D'USA ware schonn ëmmer egoistesch

Datt haut, 30 Joer méi spéit, d'Zeeche carrement ëmgedréit stinn an en autokratesch agéierende President un der Spëtzt vun den USA ass, konnt de Gilbert Trausch net virausgesinn.

Hie war en Historiker vun der "longue durée". Wa mir déi laang Dauer eescht geholl hätten, wiere mir vläicht haut manner iwwerrascht. Zum Beispill iwwer d'Haltung vun den USA zu Europa, well an de leschten zwee Joerhonnerten hunn d'USA déi meeschten Zäit dem Ale Kontinent de Réck gedréit.

1945 bis 1989 erschéngen haut éischter wéi eng historesch Klammer.

"Drill baby drill"

Och wann eist Wonschdenken eis verblent huet, heescht den amerikanesche Kurs zënter 1989 Unilateralismus, wéi net eréischt d'Interventioun am Venezuela, mee schonns d'Net-Ratifizéierung vu Kyoto, den Net-Bäitrëtt zur Cour pénale internationale oder d'Interventioun am Irak 2003 gewisen hunn.

Geneesou wéi d'USA scho laang dem Ideal vu Verbreedung vun Demokratie a Modernitéit Äddi gesot hunn.

D'USA vun haut setzen een anere Modell duerch, dee vun enger Ausbeutung vun den natierleche Ressourcë vun der Äerd am exklusiven amerikaneschen Interessi. "Drill baby drill" ass net e Slogan, deen den Trump erfonnt huet.

D'Wierder vum Sergio Mattarella

De Gilbert Trausch huet deemools am Rescht vum Interview vun enger konkreeter Utopie geschwat, déi bleift, an déi net fir näischt frontal vun den USA attackéiert gëtt: an dat ass d'Europäesch Unioun.

Ee vun den éischten europäesche Staatsmänner, deen dat net nëmmen erkannt huet, mee och an deem Sënn agéiert, ass den italieenesche President Sergio Mattarella, e Chrëschtdemokrat vu 84 Joer, deen am Juni offiziell zu Lëtzebuerg empfaange gouf.

Hei en Zitat aus senger Ried zur Iwwerreechung vum Doctor Honoris Causa vun der Uni Aix-en-Provence, de 5. Februar 2025:

"Intendéiert Europa en Objet vun internationalen Dispute fir déi eng ze sinn, eng Aflosssphär fir déi aner, oder am Géigendeel, wëllt Europa e Sujet vun der internationaler Politik ginn, deen d'Wäerter vu senger eegener Zivilisatioun affirméiert? Kann Europa akzeptéieren, tëschent Oligarchien an Autokratien ageklemmt ze ginn, mat am Beschten der Perspektiv vun enger "glécklecher Vasallitéit"? Europa muss wielen: "geschützt" oder "Protagonistin" ze sinn?"

Opruff un déi europäesch Dirigenten

Dir Dammen an dir Häre Frieden, Bettel, Von der Leyen: E groussen Deel vun der europäescher Populatioun ass prett aus dësem Kontinent e Protagonist ze maachen, wéi de Mattarella seet, "vun enger déiwer a gedeelter Reform vum multilaterale System, méi inklusiv a méi egalitär, wéi nom Zweete Weltkrich".

Mee et ass un Iech, hiren Dirigenten, endlech déi éischt Schrëtt ze maachen.

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.

play_arrow Lauschteren