Zu Minneapolis hu Membere vun der Awandungsautoritéit ICE e weidere Mann op oppener Strooss erschoss. Dem 37 Joer alen Affer seng Eltere schwätze vun enger kalbliddeger Aktioun ouni noutwendege Grond. Dem US-amerikaneschen Heemechtsschutzministère no hätten d‘Beamten aus Noutwier gehandelt.
Verschidde Videoe vum trageschen Ament geheien awer e schlecht Liicht op d‘Beamte vun ICE. Op deenen Opname gesäit een, wéi d‘ICE-Agenten de Mann zu e puer op de Buedem drécken. Da fale Schëss. Dem Toun vun den Opnamen no tëschent 5 an 10.
Gouverneur Walz: "ICE kann een net trauen"
Den demokratesche Gouverneur vum Minnesota, den Tim Walz, sot, datt déi Opname hie géifen degoûtéieren.
De Vizepresidentschaftskandidat vun 2024 huet gefuerdert, datt d‘Enquête iwwer d‘Virfäll vu lokalen, an net vu federalen Autoritéite misst gemaach ginn. "Et kéint een deenen net trauen. ICE géif just Chaos a Gewalt bréngen", esou den Tim Walz.
Donald Trump huet sech och scho geäussert
Dës Virfäll sinn dräi Wochen no den déidleche Schëss op d'Renée Good passéiert. Och si war zu Minneapolis an hirem Auto vun ICE-Agenten erschoss ginn. Zënterhier ass d‘Stëmmung an der Stad ganz opgehëtzt.
Den US-President Donald Trump huet de Gouverneur Walz an de Jacob Frey, Buergermeeschter vu Minneapolis, kritiséiert. Si géifen d‘Stëmmung opheizen. Dat mat selbstgefälleger, geféierlecher an arroganter Rhetorik.
Steet en neie Shutdown bevir?
Den Chuck Schummer, demokratesche Fraktiounschef am Senat, huet gedreet, datt d'Demokraten de Staatsbudget net wäerte matstëmmen, wann do Sue fir den Heemechtsschutzsministère virgesi sinn. Domat kéint en neie Shutdown, also eng Budgetsblockad, an den USA ustoen.
Den aktuelle Budget leeft just nach bis den 30. Januar.