arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Trump-Regierung dierf Migranten bis op Weideres net an de Südsudan ausweisen

USA

|
headphones

1 min

Trump-Regierung dierf Migranten bis op Weideres net an de Südsudan ausweisen

An den USA huet d‘Justiz der Trump-Regierung bis op Weideres ee Stréch duerch d‘Rechnung gemaach, fir Migranten an de Südsudan auszeweisen. Déi betraffe Migrante solle weiderhin a Gewahrsam an den USA bleiwen, esou ee Riichter zu Boston. D‘Decisioun géif all Ausweisungen an Drëttlänner betreffen, esou US-Medien.

headphones

1 min

US-President Donald Trump | © picture alliance / Consolidated News Photos | Chris Kleponis - CNP
US-President Donald Trump (Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Chris Kleponis - CNP)

Zënter datt den Donald Trump erëm am Amt ass, huet seng Regierung ugefaange fir esou Ausweisungen an Drëttlänner ze maachen. D'Legalitéit vun esou Transferten ass awer ganz ëmstridden.

Hannergrond vun der Decisioun haut wieren zwou dréngend Ufroe vun den Affekote vun zwee Migranten aus dem Vietnam an dem Myanmar, déi schonn aus den USA an de Südsudan ausgeflu gi wieren. D‘US-Regierung huet d‘Ausweisung bis ewell net offiziell confirméiert.