arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Venezuelaner zu Lëtzebuerg: Entféierung vum Maduro eng positiv Iwwerraschung

US-Ugrëff op Venezuela

|
headphones

4 min

headphones

5 min

play_arrow

Venezuelaner zu Lëtzebuerg: Entféierung vum Maduro eng positiv Iwwerraschung

De Rafael an de Juan sinn alle béid aus Venezuela fortgaange wéinst dem President Maduro sengem Regimm, esou d'Erklärung. Déi US-amerikanesch Entféierung vum Nicolás Maduro gesi si als positiv Iwwerraschung.

headphones

4 min

headphones

5 min

play_arrow
Venezuelaner feieren an der Stad Medellin d’Destitutioun vum President Maduro a senger Fra | © picture alliance / NurPhoto | Camilo Moreno
Venezuelaner feieren an der Stad Medellin d’Destitutioun vum President Maduro a senger Fra (Foto: picture alliance / NurPhoto | Camilo Moreno)

De Rafael Gonzalez Agreda ass 37 Joer al a koum viru sechs Joer aus dem Venezuela op Lëtzebuerg. Hien a seng Fra hunn hei och eng Aarbecht fonnt a fille sech wuel. Hien huet sech net méi sécher am südamerikanesche Land gespuert, well ënner anerem seng Mamm vun der Justiz ënner dem Nicolás Maduro verfollegt gouf.

"E Wandel, fir dee mir gekämpft hunn"

Fir hie war d’Noriicht de Weekend, datt d’USA de venezuelanesche Staatschef Nicolás Maduro entféiert hunn, éischter eng positiv Iwwerraschung.

"J'ai vu la notification sur la télévision, mais ça était vraiment une grosse surprise, parce qu'on n'a pas jamais pensé que ça allait être comme ça. Mais normalement, ça, on peut dire que ça a été vraiment magnifique, comment les Etats-Unis aient agi sur le dictateur, parce que le dictateur, il toujours vole les droits humains de les personnes du pays."

Dee 26 Joer ale Juan Guanipa ass viru 15 Méint mat senger Fra aus Venezuela op Lëtzebuerg geflücht. Si sinn Asyldemandeuren.

D'Manéier war net korrekt 

Hien huet antëschent schonn eng Aarbechtsplaz hei. Och fir hie war den US-Ugrëff op Venezuela eng positiv Noriicht, wéi hie verzielt.

"Mir si glécklech, ganz glécklech endlech, no 26 Joer vu, loosst eis soen, Korruptioun a Mënscherechtsverletzungen, gesi mir d'Méiglechkeet fir de Wandel, fir dee mir déi ganzen Zäit gekämpft hunn."

De Rafael Gonzalez Agreda sot, hien hat d’Hoffnung am Fong schonn opginn, datt de Maduro géif gestierzt ginn.

Datt d’USA als friemt Land an d’Ugeleeënheete vu Venezuela agegraff hätten, fënnt de Rafael Gonzalez Agreda zwar net korrekt, mee fir den Diktator, wéi hien den Nicolás Maduro nennt, ofzesetzen, wier et néideg gewiescht. Dat gesäit de Juan Guanipa genee esou.

D'Kommunikatioun wier schwiereg

De Venezuelaner wieren einfach d’Optiounen ausgaange fir sech géint de Maduro-Regime ze stemmen.

De Juan Guanipa a seng Fra hunn d’Auswierkunge vum Nicolás Maduro sengem Regimm direkt gespiert. Hien erzielt, si goufe politesch verfollegt.

"Si hunn e Gesetz gemaach dat seet, wann een eng aner Denkweis huet oder seng Meenungen net, loosst eis soen, mam aktuelle Regimm ënner dem Maduro iwwereneestëmmen, huet d'Regierung d'Recht, een an d'Prisong ze setzen."

De Rafael Gonzalez Agreda bestätegt dat. Eleng d’Kommunikatioun mat Leit op der Plaz wier schwiereg.

"La dictature, elle monitore tous les réseaux sociaux, toutes les communications par téléphone, tout, mais les personnes ont la peur de dire quelque chose, d’écrire quelque chose, parce qu'on connaît déjà, que si t’écris quelque chose dans les réseaux sociaux, tu peux demander terrorisme pour rentrer à la prison, 10, 15 années."

Hoffnung op Demokratie 

Hien hofft och elo, datt d’Transitioun vu Venezuela hin zu enger Demokratie séier kéint duerchgeféiert ginn. De Juan Guanipa ass awer manner optimistesch, datt dës Transitioun séier duerchgeet.

"De Maduro gouf festgeholl, mee d'ganz Chavista-Regierung vu Venezuela bleift nach ëmmer. Dat mat Blutt, Korruptioun an Drogen. All Regierungszweiger, d'Exekutiv, d'Legislativ an d'Judikativ, gehéieren zum selwechten narco-chavistesche Regimm. Also och wann dës dräi Branchë getrennt solle sinn, si se et net. Et kéint nach Wochen, souguer Méint daueren, Ech weess net, wéi laang d'Transitioun dauert."

Wéi gesäit d'Zukunft aus?

De Juan Guanipa hofft nees kënnen zeréckzegoen a bei engem méiglechen Neiopbau ze hëllefen. Et ass awer momentan net méiglech fir de Juan Guanipa a seng Famill zeréck a Venezuela ze goen, well déi Leit, déi si verfollgen nach ëmmer un der Muecht sinn, seet hien. Hien a seng Fra hätte sech och gutt zu Lëtzebuerg ageliewt a kéinte sech och virstellen hei ze bleiwen.

De Rafael Gonzalez Agreda hätt sech och gutt hei agelieft an hien a seng Fra hätte gutt Aarbechtsplazen. Dofir dierfte si och offiziell zu Lëtzebuerg bleiwen. Et géif hien och näischt a Venezuela zeréckzéien. Seng Kolleegen hätte souwisou bal all ënner dem Maduro-Regimm d’Land verlooss ...

play_arrow Lauschteren