Eppes steet fir d’Verdeedegungsministesch fest: Lëtzebuerg wëllt sech um gemeinsamen Effort vun der Friddenssécherung an der Ukrain bedeelegen. Allerdéngs wier een net prett och Zaldoten dohin ze schécken.
Loft- oder Satellitecapacitéiten
Et misst ee sech bewosst sinn, datt Lëtzebuerg begrenzte Capacitéiten hätt. Et wieren nämlech scho Lëtzebuerger Zaldoten ënner anerem a Litaue stationéiert. Et kéint een der Ministesch no "net iwwerall Zaldoten hi schécken".
"Mir hunn Zaldoten op anere Plazen, wou se och gebraucht sinn. Ech mengen, et sinn aner Länner, déi hu méi grouss militäresch Ressources-humaines-Capacitéite wéi mir. Mir wiere bereet do, an dat natierlech nach eng Kéier an Zoustëmmung och mat der Chamber, fir ze kucken, fir do mat Capacitéiten esou eng Koalitioun ze ënnerstëtzen."
An deem Sënn géif een éischter zu materieller Ënnerstëtzung tendéieren, a Form vu Loftcapacitéiten, wéi zum Beispill Dronen oder Satellitecapacitéiten, seet d’DP-Ministesch.
Skepsis vis à vis vum Wladimir Putin
Et wieren egal wéi nach eng ganz Rëtsch Froen ze beäntweren, ergänzt d’Ministesch.
"Mee esou eng Entscheedung hänkt vu ganz ville Facteuren of. Éischtens emol an Ofstëmmung mat der Ukrain muss dat natierlech alles geschéien, mat ganz ville Partner, déi hei an esou enger Koalitioun géifen deelhuelen. Wéi gesäit genau d'Mandat aus? Dat ass jo alles och net 100 Prozent kloer. Wat ass de Roll vun Amerika?"
Fir d’éischt misst et emol zu engem Waffestëllstand an der Ukrain kommen.
D’Yuriko Backes verstoppt an deem Sënn och net, datt si skeptesch ass, wat dem russesche President Wladimir Putin seng Bereetschaft ugeet fir op de Fridden hinzeschaffen.
"Hie leent, wéi gesot, weider ee Waffestëllstand of. Hie stellt d'Legitimitéit vun der ukrainescher Regierung permanent a Fro, mécht alles fir déi Regierung ze destabiliséieren. Hie féiert de Krich weider. Hien hätt kënne gëschter, haut, muer ophalen, mat senge Bombardementer."
Eventuell Friddensmissioun kréich keen UNO-Mandat
En eventuellen Asaz vu Friddenstruppen an der Ukrain wäert iwwerdeems – anescht wéi am Kosovo an den 1990er Joren - keen UNO-Mandat hunn, huet d’Yuriko Backes confirméiert. Deem géif Russland nämlech net zoustëmmen.
Déi Lëtzebuerger Defenseministesch verweist och hei op d’Koalitioun vun de Wëllegen als decisiivt Organ. Et wier awer weiderhin nach ze fréi fir d’Detailer Präis ze ginn, wéi d’Organisatioun am Fall vun esou engem Asaz kéint ausgesinn.