Do si ech d'Fraktiounen an der Chamber eens. Datt Lëtzebuerg sech solidaresch misst weisen, wier awer kloer.
Et wier elo als éischt un deene groussen europäesche Länner, déi de Gros un Zaldotinnen an Zaldote stellen, fir méiglech Sécherheetsgarantien ze definéieren. Eréischt da kéint Lëtzebuerg doriwwer decidéieren, wéi ee Bäitrag een hei géif leeschten, seet den CSV-Deputéierten Alex Donnersbach.
Villes nach onkloer, esou d'CSV
Den Ament wier et nach ze onkloer, wéi genee déi Sécherheetsgarantien ausgesinn. Dat misst als éischt mol kloer sinn. Da wier et och fir Lëtzebuerg méi einfach ze decidéieren, esou den Alex Donnersbach.
Grad wéinst de rezente massive russeschen Ugrëff op d'Ukrain géif et nach vill oppe Froe ginn, éier een iwwer Detailer kéint diskutéieren, fënnt déi gréng Deputéiert Sam Tanson.
D'Pirate gesi Lëtzebuerger Zaldotinnen a Zaldoten am Asaz mat Friddenstruppe ganz kritesch, seet de Marc Georgen. Et kéint een d'Ukrain och duerch aner Moyene wéi Satellittekommunikatioun oder Materialliwwerungen ënnerstëtzen.
LSAP: Friddensmissioun mécht nëmme Sënn, wa béid Säite Fridde wëllen anhalen
Lëtzebuerg huet an de leschte Joerzéngten ëmmer erëm u Friddensmissiounen deelgeholl. Dofir wier et fir d'LSAP-Deputéiert Liz Braz och hei u Lëtzebuerg sech zesumme mat anere Länner solidaresch ze weisen.
"Et muss een awer soen, datt esou eng Friddensmissioun och nëmme Sënn mécht, wann een dru gleeft, datt dee Fridde kann agehale gi vu béide Säiten."
Et kéint een awer drun zweiwelen, datt de Wladimir Putin Interesse dorunner hätt, Fridden ze deklaréieren, esou d'Liz Braz.
déi Lénk sinn net prinzipiell géint Friddenstruppen, allerdéngs misst dat am Kader vun der UNO an net vun der NATO geschéien.
An och d'ADR wier prinzipiell net dogéint, datt Lëtzebuerg sech u Friddenstruppe géif bedeelegen, esou nach den Tom Weidig.