arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ LUkraine ASBL sammelt Spenden

Onofhängegkeet 

|
headphones

1 min

LUkraine ASBL sammelt Spenden

Haut, Samschdeg, um Dag vum ukrainesche Fändel huet déi Ukrainesch Vereenegung LUkraine een Autorallye organiséiert mam Zil ze sensibiliséiere mee och fir Spenden ze sammelen.

headphones

1 min

Et ass fir d’Ukrain ee speziellen Dag, dee vum ukrainesche Fändel a muer ass de Commemoratiounsdag vun der zweeter Onofhängegkeet vun der Ukrain beim Zerfall vun der Sowjetunioun 1991.

Wat bedeit den Dag fir d’Ukrainer?

De President vun der ASBL Nicolas Zharov erkläert, datt den ukrainesche Fändel e Symbol vun der Fräiheet ass an ee Symbol fir déi Fräiheet ze kämpfen. E géif awer och fir déi Europäesch Fräiheet stoen a fir déi Wäerter déi ee géif deelen. 

"Et donc les résultats de ces rallye sera en effet un achat grâce à des dons qui seront récultés aujourd'hui pour une voiture, un 4x4, qui ira aux défendeurs ukrainiens qui vont protéger ces drapeaux en ukraine."

D’Associatioun  LUkraine wëllt also mat deene Spenden eng Jeep kafen. An der Vergaangenheet goufen awer och Ambulanze kaf fir se an d’Ukrain ze schécken. 

Villes ënnerhëlt d’Vereenegung hei am Land fir d’Integratioun vun de Flüchtlingen hei zu Lëtzebuerg ze erméiglechen.