Fir ee laangfristege Fridde missten awer och eng Partie Sécherheetsgarantien erfëllt ginn, esou d'Deputéiert. Fir d'DP wieren d'Verhandlungen tëschent dem Donald Trump an dem Wolodymyr Selenskyj kloer u genau dës Konditioun gebonnen, esou den DP-President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun Gusty Graas.
"Mee wou ech de Problem gesinn, dat ass d'Positioun vum Putin, déi hien ëmmer drop hält, datt hien déi verschidden Territoiren, déi am Moment occupéiert ginn, wou Russland wëll behalen. Op der anerer Säit hu mir awer en Här Selenskyj, dee menger Meenung no zu Recht seet, datt ee keen Territoire wëllt oftrieden."
Weider wier et dem Gusty Graas no wichteg, datt och EU-Vertrieder mat bei der drëtter geplangter Entrevue um Verhandlungsdësch sëtzen.
Sécherheetsgarantië sinn e Muss
Déi gréng Deputéiert Sam Tanson gesäit dëst änlech, virun allem well den Donald Trump géif schéngen, wéi wann hie sech vum Wladimir Putin géif beandrocke loossen.
Dobäi wier ze begréissen, datt de Selenskyj elo bei den nächste Gespréicher géif mat um Dësch setzen, mengt de lénken Deputéierten David Wagner, well et dierft net drop erauslafen, datt iwwer d'Käpp vun den Ukrainer ewech Decisioune getraff géife ginn.
Sécherheetsgarantië missten et op jiddefall ginn, esou de lénken Deputéierten. Leider wier et awer scho virkomm, datt déi Garantië vu russescher Säit net agehale gi wieren, an dat dierft sech net nach emol widderhuelen.
Piraten an CSV enger Meenung
Den CSV-Deputéierte Laurent Zeimet betount, datt eng Partie Sécherheetsgarantië vu béide Partien, wéi och den USA an der EU, sollten erfëllt ginn, fir ee laangfristege Fridden ze versécheren.
Där Meenung ass de Sven Clement, vun de Piraten och.
"Et muss eng kredibel Sécherheetsgarantie sinn, mat héichwarscheinlech logistesch Ënnerstëtzung, zu engem Deel Ausbildungsënnerstëtzung, zu engem Deel warscheinlech och Truppen, déi zumindest an enger absolutter Proximitéit stationéiert sinn, ob dat elo op ukraineschem Terrain oder an den Nopeschlänner ass, dat mengen ech ass ze diskutéieren."
Den ADR-Deputéierte Fred Keup mengt, datt een d'Sécherheetsgarantien net mat Sanktioune kéint versécheren. De Fokus sollt éischter op der Reconciliatioun leien.